Trump beschwéiert sech iwwer Foto um Time Magazine

© SAUL LOEB / AFP
D'Iwwerschrëft "Säin Triumph" konnt och näischt drun änneren, dass de Bléckwénkel vun der Foto op der éischter Säit dem US-President net gefall huet.
"Eegenaarteg", "zimmlech schlecht", seng Hoer goufe vläicht "wech retuschéiert". Den Donald Trump huet sech net iwwert d'Foto vu sech op der éischter Säit vum Time Magazine gefreet. D'Bild vun ënne wier "vläicht dat Schlechtste vun allen Zäiten", sou den US-President op de soziale Medien. Dobäi stellt hien an de Raum, dass den "M" aus "TIME" sou iwwert sengem Kapp placéiert gi wier, dass de Buschtaf géing ausgesi wéi eng Kroun.
Och dem Trump seng MAGA-Supporter hu sech un der Foto gestéiert. Dogéint ass d'Bild natierlech Waasser op d'Mille vu senge Kritiker, déi sech iwwert hie lëschteg maachen. Ëmmerhin huet den Trump awer den Artikel iwwert hien als Vermëttler vum Gaza-Friddensdeal als "relativ gutt Story" gelueft. An der Vergaangenheet hat hie sech scho méi dacks ëffentlech iwwer Artikelen am Time Magazine beschwéiert. Den US-President war bis elo 41 mol um Cover. De Rekord mat 55 Titelbiller hält nach ëmmer de fréiere President Richard Nixon.