Nëmme mat Stäerkt kéint een de Fridden erhalen. Dat war d'Kärausso vum däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz en Donneschdeg de Moie virum Bundestag.

A senger Regierungsdeklaratioun en Vue vum EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen déi nächst Woch zu Bréissel huet hien eng méi grouss militäresch Kraaft vun Europa gefuerdert, ob déi kriddeleg Diskussioun an Däitschland iwwer e Militärdéngscht ass hien net agaangen.
 
Den däitsche Kanzler ass mam klore Message virun d'Riednerpult gaangen, dass zanter e Méindeg nees Hoffnung op en durabele Fridden am Noen Oste géif bestoen. Dat wier méiglech gewiescht wéinst der Zesummenaarbecht tëscht e puer Staaten: USA, Katar, Ägypten an Tierkei. Dass Europa un der Wafferou tëscht Israel an der Terrororganisatioun Hamas wéineg Verdéngscht huet, ass dem Friedrich Merz net entgaangen.

Europa wier gegrënnt gi mam Gedanken, eng Friddensmuecht ze sinn a misst sech dat méi bewosst maachen. Ma de politeschen Afloss kënnt mat der wirtschaftlecher Stäerkt. D'Kompetitivitéit misst fir d'EU nees d'Prioritéit sinn.

D'Pläng, fir dat ze maachen, géife prett leien - déi berüümt Rapporte vu Letta an Draghi - se misste just ëmgesat ginn, huet de Friedrich Merz betount. Hie géif dorop halen, och d'nächst Woch zu Bréissel. D'Klimaziler wëll hien net iwwer Bord geheien, mä - an do héiert een de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden matkléngen - ouni Verbueter a Bürokratie.

Wirtschaftlechen Opschwong, doru wier mat der Regierung vun Unioun an SPD guer net ze denken, kritiséiert d'AfD-Fraktiounscheffin Alice Weidel an extreem lueser Artikulatioun. Si huet betount, déi däitsch Industrie an domat d'Land wieren amgaangen, zesummenzefalen. 
 
Faschistesch Schwaarzmolerei kritt déi riets Politikerin aus de lénke Reie reprochéiert. An de Bundeskanzler Merz huet der, deels rietsextreemer, AfD reprochéiert, u russescher Spionage an Desinformatioun an Europa bedeelegt ze sinn. Ma Däitschland an d‘EU géife sech vu Russland keng Angscht maache loossen.

De Bundeskanzler huet en Aktiounsplang fir d'Defense géint hybrid Menacen annoncéiert. Um Sommet déi nächst Woch géif et och ëm weider Sanktioune géint Russland goen, esou de Friedrich Merz vun der CDU. Hien huet proposéiert, agefruere Verméigenspabeiere vun der russescher Zentralbank, eng 140 Milliarden Euro,ze notzen, fir militärescht Material fir d'Ukrain ze kafen. Net fir de Krich ze verlängeren, mä fir en op en Enn ze bréngen, esou de Bundeskanzler Friedrich Merz.