Italien stoppt Ausliwwerung vun Nord-Stream-Verdächtegem un Däitschland

© AFP/Archiv/Handout
Den zoustännege Parquet wëll de presuméierten Täter, en 49 Joer alen Ukrainer, an Däitschland viru Geriicht stellen.
Dat Iewescht Geriicht an Italien huet d'Ausliwwerung vum presuméierten Täter vun den Attacken op d'Nord-Stream-Pipelinen an der Ostsee un Däitschland gestoppt. D'Cassatiounsgeriicht zu Roum huet d'Decisioun vun enger vireger Instanz opgehuewen. Den Affekot vum 49 Joer alen Ukrainer huet dat der Noriichtenagence DPA matgedeelt. Och déi italieenesch Noriichtenagence Ansa huet iwwer den Ausliwwerungsstopp bericht.
Virun dräi Joer gouf an der Ostsee en Deel vun der Nord-Stream-Pipeline gesprengt. D'Bundesanwaltschaft reprochéiert dem presuméierten Täter gemeinschaftlecht Erbäiféiere vun enger Explosioun a verfassungsfeindlech Sabotage. Hie soll en Team vu siwe Verdächtege geleet hunn, dorënner véier Daucher. Fir d'Attentater solle si an Däitschland d'Seegelyacht mam Numm "Andromeda" gelount hunn, mat där se op d'Ostsee gefuer solle sinn.
D'Cassatiounsgeriicht zu Roum huet seng Decisioun dem Affekot vum Ukrainer Nicola Canestrini no domadder begrënnt, datt no der Festnam vum 49 Joer alen Ukrainer am August wärend der juristescher Prozedur seng Rechter blesséiert gi wieren. Dofir misst een anert Geriicht iwwer d'Ausliwwerungsdemande nei decidéieren.
Den Ukrainer war am Summer un der italieenescher Küst festgeholl ginn, wéi hie mat senger Famill Vakanz gemaach hat. Den Ament sëtzt hien am Norde vun Italien an engem Héichsécherheetsprisong. Säin Affekot huet annoncéiert, méiglecherweis eng Demande op Fräiloossung ze stellen.
E weidere Verdächtegen, och een Ukrainer, sëtzt a Polen an Untersuchungshaft. Och bei him ass ongewëss, ob hie vu Polen un Däitschland ausgeliwwert gëtt. Den däitschen Enquêteuren no soll hien ee vun den Daucher sinn.