DP-Deputéierte Gérard Schockmel verdeedegt Meenungsartikel

Leschte Weekend hat den Deputéierten en ëmstriddene Meenungsartikel am Lëtzebuerger Wort publizéiert.
De Gérard Schockmel wollt u sech net op dëse reagéieren, e Mëttwoch huet hien awer an der Chamber e puer Wierder gesot, wéi et ëm eng Resolutioun vun déi Gréng gaangen ass, déi d’Prinzippie vun der Gläichberechtegung wollte stäerken.
Tatsächlech ass et awer vill ëm d’Aussoe vum Här Schockmel gaangen. Deen huet doropshi säi Meenungsartikel kuerz verdeedegt. D’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung ze schreiwen, wär eng relativ komplex Thematik. Hien hätt do seng perséinlech Meenung ausgedréckt a géif et gutt fannen, datt jiddereen ouni Fraktiounszwang dierft ofstëmmen. Hien hätt am Text d'Simone Veil als grouss Feministin ervirgehuewen an deem humanistesche Feminismus hätt eis Gesellschaft vill ze verdanken. Deen Humanismus géif hien och a senger Partei erëmfannen. D’DP hätt eng grouss Traditioun zanter bal 70 Joer, fir am Sënn vun de Fraerechter, der Famill an de Kanner Neierungen a Reformen ze maachen. Et hätt ee "grouss Dammen a senger Partei", sou de Gérard Schockmel an hien huet d'Anne Brasseur, Colette Flesch, d’Lydie Polfer an d’Corinne Cahen genannt.
Hie wär an dëser Partei gutt opgehuewen, well dat wären och seng Wäerter.