Siwe Joer Prisong, dovunner fënnef mat Sursis fir fréiere Sozialaarbechter

© RTL-Archivbild
En Donneschdeg de Moie gouf e fréiere Sozialaarbechter vum Office social vu Suessem an éischter Instanz zu 7 Joer Prisong, dovu 5 mat Sursis verurteelt.
Doriwwer eraus muss hien e psychiatreschen Traitement maachen an d'Affer entschiedegen. Dem Mann goufen an néng Fäll sexuell Belästegungen an eng Vergewaltegung virgeworf. Dat ganzt am Zäitraum tëscht 2010 an 2019. D'Iwwergrëff ware réischt public ginn, nodeems Mataarbechterinnen aus dem concernéierten Office social 2019 de Schäfferot drop higewise hunn, wat Fraen hinnen uvertraut haten. De Beschëllegte gouf doropshi vu senger Aarbecht fräigestallt. An et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, déi also haut zu enger Verurteelung an éischter Instanz gefouert huet.
Muechtmëssbrauch
D'Affer vum Sozialaarbechter waren alleguerte Fraen, déi Leeschtungen an Hëllefe vum Office social kruten. An dowéinst Angscht haten, se ze verléieren, wa si sech géife wieren. Den Zenario war quasi ëmmer dee selwechten. Nodeems en éischte Kontakt tëscht dem spéideren Affer an dem Mataarbechter vum Sozialbüro nach ganz normal gelaf ass, wier de bestuete Mann a Familljepapp de Frae géintiwwer ëmmer méi opdränglech ginn. Affer hu viru Geriicht ausgesot, si wieren op de Bak gekusst ginn, de Mann wier onugemellt bei si heem schelle komm an hätt se ugepaakt. Enger Clientë hätt hien iwwer véier Méint reegelméisseg geschriwwen, hat d'Police judiciare viru Geriicht ausgesot. Deen Echange wier relativ eesäiteg gewiescht. Den Ugekloten hätt d’Fra opgefuerdert, him plakeg Fotoe vu sech ze schécken. Hien hätt och insistéiert, fir bei si heem ze kommen. Eng Kéier wier en dunn tatsächlech bei hir doheem gewiescht an do soll et zu engem sexuellen Akt komm sinn. D'Fra seet, hien hätt si sexuell mëssbraucht. Den Ugeklote huet dee Virworf ëmmer ofgestridden.
Wie wosst wéini Bescheed?
Am Prozess goung et och ëm d'Fro, ob déi Responsabel vun der Gemeng net schonn éischter vun de Faite wossten, mä näischt ënnerholl hunn. Eent vun den Affer hat wärend dem Prozess ausgesot dem deemolege Buergermeeschter héchstperséinlech scho méi fréi vun den Iwwergrëff gezielt ze hunn. Deen hätt awer net reagéiert. Den Ugeklote soll sech och mat senger Frëndschaft zum fréiere Suessemer Buergermeeschter gebretzt hunn. De Georges Engel huet RTL géintiwwer allerdéngs betount, net virun 2019 an d'Bild gesat ginn ze sinn. Hien hätt de Mann doropshin, ouni ze waarden, suspendéiert.
Vun de Fraen, déi am Prozess als Partie civile opgetruede waren, krut eng Schuedenersatz vun 3.000 Euro accordéiert. Déi aner musse sech mam symboleschen Euro an de Prozesskäschten zefridde ginn. D'Gemeng Suessem, déi Dedommagementer an Héicht vun 480.000 Euro gefrot hat, krut näischt.