E Mëttwoch am Nomëtteg koum et op der däitscher B51 tëscht Blankenheim a Blankenheimerdorf zu engem déidlechen Accident.

En 61 Joer alen Automobilist aus Köln, deen a Richtung Blankenheim ënnerwee war, war aus bis ewell ongekläerte Grënn op d'Géigespuer geroden a frontal an d'Gefier vun enger 65 Joer aler Fra aus Duisburg gerannt. D'Fra ass nach op der Plaz un hiren uerge Blessure gestuerwen. Hir 64 Joer al Bäifuererin aus Rheinland-Pfalz gouf schwéier blesséiert a mat engem Rettungshelikopter an d'Klinik geflunn.

Den 61 Joer alen Automobilist gouf och schwéier blesséiert.

D'B51 war bis an de Mëttwochowend era fir de Verkéier gespaart. D'Enquête vun der Police leeft.