E Mëttwoch hu sech d'NATO-Verdeedegungsministeren zu Bréissel fir e Sommet gesinn.

D'Verdeedegungsministeren aus den NATO-Memberlänner sinn determinéiert, fir de russesche Violatioune vum NATO-Loftraum d'Stier ze bidden. Esou änlech huet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sech e Mëttwoch zu Bréissel ausgedréckt, wou den Dag mat enger Entrevue vun den Defenseministeren aus den NATO-Memberlänner ugefaangen huet, wou awer och den Ukrainkontaktgrupp an d'EU-Verdeedegungsministeren zesumme waren.
 
D'Conclusioun vun den NATO-Partner kéint net méi kloer sinn. Déi russesch Violatioune sinn net akzeptabel, ënnersträicht d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.

"Mir loossen eis dat och net gefalen. Mee mir wäerten eis och net provozéiere loossen. Mir wäerte mesuréiert Äntwerte ginn. Ech menge bis elo ass dat jo och wierklech geschitt. Mir haten och eng Diskussioun effektiv iwwert eng Dronemauer am Fong. Haut hu mer jo wierklech Capacitéiten, wou mer och eis ganz capabel wiere kënnen. Mee ech mengen do muss ee sech och kënnen ëmmer besser zesummen opstellen. An dat war och d'Diskussioun haut, op alle Fall eng Determinatioun, fir do zesummen ze stoen an deem entgéintzewierken."

D'NATO an d'EU wëllen zesummeschaffen, wann et ëm d'Dronenofwier geet. An den Aen vun der Yuriko Backes eng Kollaboratioun, déi extrem wichteg ass a komplementar soll sinn.

"Ech mengen näischt wat an der NATO geschitt, soll eng Duplikatioun um europäeschen Niveau hunn a vice versa. Ech mengen dat eent soll zu deem anere bäidroen. Dat heescht, och an der EU misse mer eis do besser opstellen. Mee et muss wierklech komplementar sinn zu den Efforten, déi mer um NATO-Niveau maachen. An dat ass genau d'Diskussioun, déi Kollaboratioun, déi muss klappen. Déi Gespréicher, déi misse gefouert ginn. An dat fënnt och statt."

Zu Bréissel am Haaptquartier vun der NATO goung et awer och drëm, fir ze kucken, wéi wäit d'Memberlänner mat deenen neien Ziler sinn, déi um Sommet zu Den Haag festgehale gi waren. Et géif mat Determinatioun dru geschafft ginn, déi 3,5 respektiv 5 Prozent ze areechen, déi d'USA jo gefuerdert haten.

"Ech menge mir gesinn där Menace, déi mer an d'Aen hei kucken, mir gesinn all Dag Violatioune vun der russescher Säit, dass et wierklech wichteg ass, dass mer weider an eis Defense investéieren, an eis kollektiv Defense investéieren. Mir haten do och schonn e Mëttegiesse mam ukraineschen Defenseminister, wou deen och dobäi war. Ech mengen, wat mer och gesinn, dass mir ganz vill entretemps, och wat Dronenofwier ugeet, vun den Ukrainer ze léieren hunn." 

Et gouf och de Point gemaach wat d'Ukrain weider un Hëllef brauch. Ganz uewen op der Lëscht steet do nach ëmmer d'Loft- an d'Rakéitenofwier. Den NATO-Generalsekretär an d'USA hunn eng Initiativ lancéiert, déi sech Pearl nennt. Do geet et drëm, datt d'NATO-Länner amerikanesch Waffe kafen, well déi disponibel sinn. Dat selwecht Material ass an Europa net ze kréien. Lëtzebuerg hat schonn annoncéiert, bei där Initiativ matzemaachen. 
D'Yuriko Backes huet d'Alliéiert wësse gedoen, datt Lëtzebuerg sech do mat 15 Milliounen Euro bedeelegt.
 
Den ukrainesche Verdeedegungsminister ass iwwerdeems en Donneschdeg op Visitt zu Lëtzebuerg.

D'Schreiwes vum Gouvernement

Yuriko Backes à Bruxelles: OTAN, UDCG et Conseil UE (15.10.2025) 
Communiqué par : Direction de la défense 
 
Le 15 octobre, à Bruxelles, Yuriko Backes a participé à la réunion des ministres de la Défense des pays de l’OTAN. Les ministres ont discuté du renforcement de la posture de dissuasion et de défense suite aux décisions prises au Sommet de l’OTAN à La Haye en juin 2025.

Face aux menaces hybrides et aux récentes violations de l’espace aérien euro-atlantique par des drones et avions de chasse russes, l’Alliance a renforcé son dispositif de vigilance et de défense au flanc Est et en Mer Baltique. Les ministres ont discuté de la réponse de l’OTAN et des mesures et capacités nécessaires pour garantir la sécurité de la zone euro-atlantique. Yuriko Backes s’est félicité de la réponse rapide, décisive et coordonnée des Alliés face au comportement irresponsable de la Russie. Dans ce contexte, la Ministre a souligné: «Les travaux en cours dans le domaine de la défense aérienne et antimissile sont d’une importance cruciale. Le Luxembourg, à travers la réalisation de ses objectifs capacitaires, jouera un rôle actif dans ce domaine à l’avenir.»

Ce même jour, au quartier général de l’OTAN, a eu lieu la 31e réunion du «Ukraine Defence Contact Group». Lors de l’UDCG, sous présidence des ministres de la Défense de l’Allemagne et du Royaume-Uni, les ministres de la Défense des pays partenaires de l’Ukraine ont discuté avec leur homologue ukrainien, Denys Shmyhal, de la situation sur le champ de bataille, des priorités en matière de besoins en équipement des forces armées ukrainiennes et du soutien militaire en faveur de l’Ukraine. «Le message du président russe est clair: la Russie n’est pas intéressée par la paix. Notre réponse est tout aussi claire: nous ne céderons pas et notre soutien pour l’Ukraine continuera aussi longtemps que nécessaire.» a déclaré Yuriko Backes. Lors de cette réunion, la ministre de la Défense a annoncé que le Luxembourg contribuera 15 millions d’euros au programme PURL («Prioritised Ukraine Requirements List») de l’OTAN.

Le soir, la ministre Backes a participé à une réunion du Conseil des affaires étrangères dans sa formation «Défense». Ce dîner de travail était axé sur l’augmentation en puissance de la défense européenne et le renforcement décisif de la préparation européenne en matière de défense, ainsi que l’intégration de l’Ukraine dans les différentes initiatives européennes. La ministre Backes, lors de son intervention, a présenté les capacités satellitaires de la Défense luxembourgeoise, que cette dernière entend mettre à disposition de l’UE et de ses États membres.