"On sait plus quoi faire, on sait plus quoi dire"
Zu Diddenuewen hu mer d'Leit gefrot, wéi si déi aktuell politesch Situatioun an hirem Land empfannen a wat si sech fir d'Zukunft erhoffen.
Den neien an ale franséische Premier Lecornu ass op d'Sozialisten zougaangen an huet en Dënschdeg annoncéiert, d'Rente-Reform wëllen op Äis ze leeën. Domadder kéint hien zwar de Mësstrauensvott en Donneschdeg fir sech entscheeden an Neiwale verhënneren, hëlt awer och weider finanziell Risike fir d'Land a Kaf. Wéi erliewen eis Noperen de Chaos an hirer Regierung?
De franséische Fändel hänkt nach héich. Mä am Zentrum vun Diddenuewen bléist nawell e kale Wand. Vill Leit rësele fir d'éischt emol mam Kapp op d'Fro no hirer Meenung zu der aktueller politescher Situatioun. Si schwätze vun enger Katastroph, vum Gefill, vun der Politik net eescht geholl ze ginn. Eng Pensionärin huet nach Hoffnung, dass de Sébastien Lecornu, wann hien de Mësstrauensvott iwwersteet, kéint ufänke mat schaffen an eppes ëmsetzen. E jonken Här fënnt éischter, dass d'Leit d'Vertrauen an d'Politik duerch de villen Hin an Hier verluer hunn. Dat misst sech dréngend änneren.
Dat hoffen och d'Geschäftsleit. Wéineg Vertrauen, Onstabilitéit an eng Kafkraaft, déi ofhëlt, dat ass nämlech net gutt fir d'Geschäft. Den Adrien Lamiralt ass Commerçant zu Diddenuewen an huet och laang zu Lëtzebuerg geschafft. Hie bemierkt, dass d'Leit elo méi géingen oppassen, wéi si d'Suen ausginn.
Onsécher Zäiten treffen de Budget, net just dee perséinlechen, mee och dee vun engem Land. An do spillt besonnesch déi vill diskutéiert Rentereform eng Roll. Ma an dësem Sujet gëtt awer elo op Paus gedréckt. An der Assemblée générale huet de Lecornu ugekënnegt, d'Reform vun 2023 ze suspendéieren, an de Pensiounsalter net méi ze hiewen. Dat soll bis Januar 2028 gëllen. Duerno kéint ee weider kucken, sot hien nach virum Senat um Mëttwoch. Op Äis leeë wéilt net heeschen, dass ee ganz op d'Pensiounsreform soll verzicht ginn.
An däers si sech d'Leit och bewosst. Zu Diddenuewen hunn d'Leit virun der Kamera vun enger Fal geschwat, et sollt ee sech bewosst sinn, dass egal wéi eng Reform misst kommen. An da géingen déi ganz Protester nees vu vir ufänken, mengt eng Fra.
Wéi a virun allem ob et iwwerhaapt weidergeet fir de Lecornu, weist sech en Donneschdeg beim Mësstrauensvott. Mat de Sozialisten op senger Säit kéint hien op d'mannst fir eng kuerz Stabilitéit gesuergt hunn.