D'Entwécklungshëllef steet fir d'Europaparlament dat anert Joer am Virdergrond. De Charel Goerens plädéiert fir eng sozial Sécherheet fir Leit aus Afrika.

Am Programm deen de Lëtzebuerger Europadeputéierte presentéiert huet,  geet et och ëm de Finanzement vun der Entwécklungshëllef an ëm d' Kohärenz an der Politik. Déi zoustänneg Autoritéite gesinn sech den 8. Januar eng éischte Kéier zu Riga.

12 Länner um afrikanesche Kontinent hunn en ökonomesche Wuesstem tëscht fënnef an 14 Prozent. Déi Länner wären deemno an der Lag e grousse Räichtum ze schafen a géifen net méi nëmme vum Export liewen. D' Europäesch Unioun misst dee Räichtum elo richteg déiten. Dat wär awer net esou einfach, seet de Charel Goerens. Als institutionelle Partner wiere mer nämlech dru gehal fir nëmmen dat ze maachen, wat de Partner freet an acceptéiert. Schliisslech géife mer an enger Zäit liewen an där e Partenariat ee vun de Grondprinzipien ass, op deen d'europäesch Entwécklungspolitik baséiert.

Eng méiglech Léisung wär eng Reform, déi géif definéieren ënnert wei enge Konditiounen e Land wei eng Krediter accordéiert kritt. Ma och hei géifen et Schwieregkeete ginn. D' EU géif déi afrikanesch Länner ënnerstëtze fir sech z' emanzipéieren. Indien a China hätten awer méi oder manner keng Konditionalitéiten mat deene Länner. Donieft sollten och nëmmen déi nach Hëllef kréien, déi se och wierklech bräichten.

D' Europäesch Unioun géif awer gutt mat den afrikanesche Staaten zesummeschaffen. Fir dat och an Zukunft nach ze maachen, géif et schonn en neie Programm ''Panafricain'' ginn. D' Europaparlament kann sou eng Milliard Euro investéieren. Dem Charel Goerens senger Meenung no, misst domat eng sozial Sécherheet an allen afrikanesche Länner etabléiert ginn.

A Punkto Finanzement vun der Entwécklungshëllef misst een d' Memberlänner aus der EU un hiert Verspriechen erënneren. Scho viru Joerzéngten haten si sech verflicht, bis 2015, 0,7 Prozent vum Bruttoinlandprodukt ofzeginn. Bis ewell sinn et just Lëtzebuerg, Holland, Dänemark a Schweden, déi dat Ziel erreecht hunn.

De Charel Goerens sot och, dass déi Länner déi am meeschten Entwécklungshëllef leeschten, net déi meeschte Problemer hätten. Si kéinte souguer selwer dovu profitéieren.

Fir efficace an nohalteg ze sinn, misst een d' Entwécklungspolitik och mat deenen anere Branchë vun Europa-Politik ofstëmmen.

AUDIO: Reportage EU-Parlament an Entwécklungshëllef vum Pierre Jans