De Schiet vun engem Raiber dee schonn zënter Jorhonnerten dout ass, d'Fielsefräche vu Gréiwemaacher oder eng Quell déi nëmmen da fléisst wann eppes Schlëmmes geschitt. Bei esou munchen ale Soen kann et engem kal de Réck erof lafen. A bal all Duerf ginn et där Geschichten, dacks sinn se awer an de Vergiess geroden. Am zweete Band vun "Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg" bréngt de Romain Jeblick se nees an Erënnerung, am Wuert an am Bild. D'Bea Kneip huet sech mat him doriwwer ënnerhalen.

Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 2

2016 huet de Romain Jeblick "Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch" erausginn, eng Sammlung vun ale griichesche Mythen an enger och fir Kanner zougänglecher Form, mat Illustratioune vum Andy Genen. E Joer drop war den Duo Jeblick/Genen dann heiheem ënnerwee, mam éischten Deel vun "Déi schéinste Soen vu Lëtzebuerg". Natierlech, keen éischten Deel ouni zweeten Deel, an den ass elo an de Bicherbutteker ze fannen. D'Biller sinn dës Kéier allerdéngs net méi vum Andy Genen, et ass dem Romain Jeblick seng Duechter Julia Jeblick, déi mam Zeechestëft gezaubert huet. Vun A wéi Aansebuerg bis V wéi Viichten ass et nees eng "sagenhaft" Rees duerch d'Ländchen bei der mir Hexen a Wiichtelcher, Gespenster a souguer dem Däiwel perséinlech begéinen. Fir all déi Soen a Seechen ze fannen, huet de Romain Jeblick sech nees un der selwechter Quell inspiréiert: Dem Sagenschatz des Luxemburger Landes, den am 19te Jorhonnert vum Nikolaus Gredt zesummegestallt gouf.

Et ass e Bléck an d'Vergaangenheet, a virescht Jorhonnerten wou d'Leit nach méi sensibel a sécher och eng Grëtz awergleewesch waren. D'Texter u sech si kuerz gehalen, mä wann een d'Aen zoumécht, da kann een sech op déi Plazen an an déi Zäiten zeréckversetzen. Dat Schéint dorun, all déi Uertschafte sinn nobäi a villäicht kann ee jo och emol eng Kéier dohinner spadséiere goen.

Fir Kanner ass et natierlech duebel flott, well déi ganz Serie vu Mythen a Soen an engem grousse Format mat ville faarwegen Illustratioune präsentéiert gëtt, an dat fir d'éischte Kéier op Lëtzebuergesch. E Konzept, dee bis elo gutt bei de Leit ukomm ass.

Geplangt ass fir ofwiesselnd Soe vu Lëtzebuerg a Mythen aus aneren Deeler vun der Welt erauszebréngen. Den nächste Band ass och schonn an der Maach, do wäert et ëm déi nordesch Mythologie goen. Duerno wier dann also nees Lëtzebuerg un der Rei. Genuch Material misst ze fanne sinn, well dem Nikolaus Gredt säi Sagenschatz huet ronn 1000 Säiten, mat honnerte vu Geschichten aus allen Deeler vum Land. Dir dierft Iech also verzaubere loossen!

"Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 2" vum Romain Jeblick ass an Zesummenaarbecht vun den éditions revue an der Editioun Friederich-Schmit erauskomm

RTL

© RTL/Bea Kneip