© Sweet Cherry Publishing
A "Boy Underground" waren den Hugo a seng Frënn an de Katakombe vu Paräis. A "Boy Overboard" erliewe si elo eng nei Aventure!
Den Hugo, en autistesche Jong deen zu Paräis lieft, huet zesumme mat senge Frënn Alex a Julie am éischten Deel eng spannend Aventure am Ënnergrond vu senger Heemechtstad erlieft. Bestëmmt hunn déi dräi sech net erwaart, dass an der Vakanz a Kroatien eng nei Erausfuerderung op si waart! A "Boy Overboard" sichen si e legendäert Schëffswrack an den Hugo muss sech senger Angscht virum Mier stellen.
© Bea Kneip/RTL
D'Isabelle Marinov, 1970 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift Bicher fir Kanner a Jugendlecher, am léifsten op Englesch. Verschiddener vun hire Bicher sinn awer och op Lëtzebuergesch iwwersat ginn, zum Beispill "De Leo an den Oktopus" oder "Den Emil an d'Maschinn". Mat "Boy Underground" stoung si 2024 op der Shortlëscht vum Prix Servais.
Pressetext vu Sweet Cherry Publishing:
Sometimes the greatest treasure lies just outside your comfort zone…A year after their underground adventure, Hugo, Alex and Julie are ready for another – this time underwater.
At a scuba-diving camp in Croatia, the three friends search for a legendary Roman shipwreck and an emperor’s lost crown.
Standing in their way is a ruthless businessman, his terrifying bodyguard and Hugo’s fear of swimming in the unpredictable sea. But sometimes the greatest treasure lies just outside your comfort zone…
"Boy Overboard"
Isabelle Marinov
erauskomm bei Sweet Cherry Publishing
Sprooch: Englesch
ISBN: 9781802636253
352 Säiten
