"De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit)

Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoire vum Romain Schmit.

De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzeechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet".

Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.

Memoiren aus dem Ënnergrond (1942-1944): Den Norbert Schmit am Interview
RTL

Den Norbert Schmit huet d'Memoiren vu sengem Papp redigéiert a verëffentlecht / © Bea Kneip/RTL

RTL