© Corinne Goetz
Shards ass eng Sammlung vu englesche Gedichter mat Illustratioune vum Corinne Goetz, a mat Musik ënnermoolt.
Pressetext vum Auteur Emmanuel Bock:
De roude Fuedem vun dem kollaborative Projet si Biller aus dem Liewen, wéi se sech a Spigele reflektéieren a veränneren, sou dass objektift Erkenne schlussendlech net méiglech ass, vläischt och net gewënscht ass.
D'Gedichter sinn eng Mëschung vu kuerzen Haiku an Tanka, déi sech ofwiessele mat längere (bis laange) Gedichter, déi een am beschte kinnt als "dramatic monologue" beschreiwen. D'Gedichter kommen a Gruppen, déi sech reflektéieren an de Lieser invitéieren, kee feste Point de Vue unzehuelen. De roude Fuedem duerch de Band ass d'Iddi, dass all Text net kann objektiv erfaasst ginn, mee zu subjektive Reaktiounen am Lieser féiert, dee seng eegen Experienz an d'Texter dra leet. D'Texter ginn zum Spigel vun deem, dee se liest a sech dra kuckt. Mee, wéi den Titel et seet, sinn et just Brochstécker vun engem Spigel, déi een huet. D'Fro ass, ob een dat ganzt Bild kann ze gesi kréien.
Fir dem Lieser deen Effet ze weisen, hunn ech mech mat anere Kënschtler zesumme gedunn a si gefrot, fir hir Reaktioun an hirem kënschtleresche Medium ëmzesetzen.
Sou huet d'Corinne Goetz Illustratiounen fir d'Buch gemaach a se gläichzäiteg kalaidoskoparteg verschafft. 14 Musiker aus Lëtzebuerg, Däitschland and England hunn hir Reaktiounen op déi eenzel Gedichter musikalesch festgehal. Hir ganz perséinlech an original Stécker (ouni Text) sinn e weidere Reflet vun de Gedichter a gehéieren zum Erfuere vum Buch derzou. Zu gudder Lëscht sinn d'Gedichter och all vum James Penn agelies ginn. Hei ass et den Opruff un de Lieser an Nolauschterer, fir sech ze froen, a wéi wäit hir Erfahrung vun den Texter sech mat der Interpretatioun vum James deckt.
Iwwert 3 Joer ass de Projet lues a lues zu engem Ganze gewues, mee duerch seng Natur kann en awer ni e Ganzt sinn, well en d'Leit invitéiert hiren Deel zum Ganze bäizedroen an et sou ze veränneren, fir et zu engem méi grousse Ganzen ze maachen.
D'Soundtracks, déi zu dem Buch gehéieren sinn op der Websäit "www.shards.lu" ze héieren
Shards
a collaborative project that brings together:
poems by Emmanuel Bock
illustrations by Corinne Goetz
original music by:
Daniel Balthasar
Timelord
David Harman
Lionel Jeusette
Joé Lahos
Colored Noise
Quiet Flynt with MonoDrone
Patrick Ribeiro
Charlotte Bridge
Der Däiwel
Jawknee Music
Michel Weiler
Atôma
with readings by James Penn
"Shards"
Gedichter: Emmanuel Bock
Illustratiounen: Corinne Goetz
ISBN 978-99959-0-797-6
23,50 €
