Eent vun de gréisste Benefice-Evenementer hei am Land
D'Grande-Duchesse hat sech e Samschdeg de Mëtten och ënnert d'Visiteuren an der Luxexpo gemëscht.
E Samschdeg an e Sonndeg war an de Foireshalen den traditionelle Bazar International. Op méi ewéi 70 Stänn konnten d’Leit entdecken, kafen an domat sozial an humanitär Projete finanziell ënnerstëtzen.
Organiséiert gëtt dat ganzt vun der Associatioun vum Bazar International ënnert dem Patronage vun der Groussherzogin Maria Teresa. D’Grande-Duchesse hat sech e Samschdeg de Mëtten och ënnert d’Visiteure gemëscht.
De Bazar International zielt zu de gréisste Benefice-Evenementer hei am Land. Op deene méi ewéi 70 Stänn proposéiere Leit aus 60 verschiddene Länner lokal Produiten a virun allem gëtt et z’iessen. D’Zil vum Bazar ass et, d’Aarmut an der Welt ze bekämpfen. Virun allem Kanner a Frae sollen eng besser Educatioun, méi Sécherheet an eng besser medezinesch Hëllef gebuede kréien.
Mam Erléis ginn dëst Joer eng 70 humanitär a sozial Projete finanziell ënnerstëtzt. Als Haaptprojet gouf déi Kéier déi schwedesch Associatioun "Friends of Portee" gewielt, déi e Projet a Sierra Leone ënnerstëtzt. Bei deem kréie Schoule mat ronn 500 Kanner gehollef. Déi finanziell Hëllef vum Bazar International ass deemno fir d’Ënnerstëtzung vu Schoul- a Betreiungsstrukture virgesinn.
Wei all Joers waren eng Hellewull Leit um Bazar International. Op där 58. Editioun vum Bazar International hëllefen eng 1.500 Benevoller, ouni déi dat Ganzt net méiglech wier. Zejoert louch den Erléis bei ronn 600.000 Euro.

© René Scho