UN ka weider op Lëtzebuerg zielen
De Lëtzebuerger Premier huet sech besuergt gewisen iwwer déi onsécher Zäiten, an de Vereenten Natioune gläichzäiteg déi voll Ënnerstëtzung zougeséchert.
Duerch Wierder an Dote kéinten d'Vereenten Natiounen op de Grand-Duché zielen. Dat sot de Lëtzebuerger Premier e Freideg a senger Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York. Hien huet sech besuergt gewisen iwwer déi onsécher Zäiten, gepräägt vu Kricher a Krisen weltwäit. Déi international Uerdnung stéing op der Kipp. Kricher wiere just d'Resultat vun enger radikaler Kompromësslosegkeet an engem komplette Refus, sech déi aner Säit och nëmmen unzehéieren. Déi Vereenten Natioune géingen de Contraire representéieren.
"It stands for the relentless pursuit of compromise, for the formidable power of reconciliation.
But the United Nations as an institution cannot work wonders. Its success depends on all of us.”
Deen Esprit misst an all wichteg Entscheedunge mat afléissen. Dozou gehéiert dem Lëtzebuerger Premier no ënnert anerem ee gerechten an nohaltege Fridden an der Ukrain. En direkten Waffestëllstand an der Gazasträif an een Accès ouni Aschränkunge fir Hëllefsgidder, esou wéi d’Fräiloosse vun alle Geiselen, déi zanter gläich zwee Joer vun der Hamas festgehale ginn. De Luc Frieden huet an deem Kontext och nach emol d’Decisioun vu Lëtzebuerg verdeedegt, Palästina offiziell als Staat unzëerkennen.
Et war déi 80. Sessioun vun der UN-Vollversammlung, déi ënnert dem Motto "“Better together: 80 years and more for peace, development and human rights.” stoung. Kuckt hei dem Luc Frieden seng Ried am Video: