Um éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch e Freideg goufe vum Kultur- a vum Educatiounsministère eng Rei Aktivitéite geplangt resp. virgestallt.

Dorënner e Pop-Concert, en Optrëtt vun engem Kanner-Chouer mat Lëtzebuerger Lidder, weider Concerten a Konferenzen an der Stad oder och eng Expositioun.

Nieft de kulturellen Aktivitéite soll d'Lëtzebuerger Sprooch awer och an der Educatioun promouvéiert ginn, wéi de Kulturminister Eric Thill an den Educatiounsminister Claude Meisch e Freiden op enger Pressekonferenz zesumme preziséiert hunn.
 
Mat e sëllegen Aktivitéiten gouf de 26. September den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gefeiert. An dat soll, wann et dem Kulturminister Eric Thill nogeet, en traditionelle Rendez-vous ginn.

Eric Thill:"Dat maache mer wéi gesot op engem Dag hei zu Lëtzebuerg, wat mir iwwert déi nächst Joren esou wëllen ausbauen a weider stäerken, a wou mer eng Traditioun wëllen doraus maachen, fir eben de Leit och an aller Däitlechkeet dobaussen ze weisen, datt eis d'Lëtzebuerger Sprooch um Häerz läit, dass et geliefte Patrimoine ass, an dass et ee ganz ganz wichtegen Deel vun eiser Lëtzebuerger Identitéit ass."

D'Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit sollen awer nieft dem kulturelle Volet och an der Educatioun gestäerkt ginn. Ënnert anerem gëtt et op alle 4e-Klassen am Lycée zanter enger Zäit d'Fach Lëtzebuergesch, wat de Jonken nieft Grammaire an Orthografie virun allem Lëtzebuerger Kultur a Geschicht soll méi no bréngen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Claude Meisch: "Dat Fach ass eigentlech och do fir iwwer d’Sprooch och Elementer vun eiser Kultur, vun eiser Geschicht, vun eiser Literatur kënnen ze vermëttelen un eng nei Generatioun. D’Lëtzebuerger Sprooch huet eng wichteg Funktioun an eiser ganz heterogener Gesellschaft fir eis zesummen ze halen, fir ze verbannen, fir zesummen ze wuessen, an dat geet awer och nëmmen wa mer se un déi nächst Generatioun vermëttelen." 

An Zukunft soll d'Fach Lëtzebuergesch dann och an de privaten internationale Schoulen agefouert ginn. Wéi de Claude Meisch preziséiert, gëtt den Ament un engem entspriechende Gesetzesprojet geschafft.