32 Joer ale Mann responsabel fir Abréch a méi wéi 100 Autoen?

© rtl.lu
Zanter Februar 2025 war et eng Serie vun Abréch an Autoen, déi d'Police am Grenzgebitt an Otem gehalen huet. Lo konnt e Verdächtege festgeholl ginn.
An der Südeifel an an der Regioun Tréier-Saarburg hat en onbekannten Täter et iwwer Méint fäerdeg bruecht, jeeweils nuets aus Autoen, déi net zougespaart waren, Wäertsaachen ze klauen.
No méintelaange Recherchen an Ermëttlunge vun der Police Bitburg an Zesummenaarbecht mat der Kripo Wittlich an dem Super-Recognizer vum LKA konnt engem verdächtege Mann seng Identitéit ermëttelt ginn. Well e kee feste Wunnsëtz hat a sech am Grenzgebitt opgehalen huet, konnt hie laang onentdeckt bleiwen. Duerch de permanenten Informatiounsaustausch mat der Lëtzebuerger Police konnt festgestallt ginn, dass et gutt méiglech ass, dass de Mann och fir eng Rei änlech Doten hei am Land responsabel ass.
En Dënschdeg Owend war et der Police vu Bitburg zu Minden gelongen, den Déif festzehuelen. Hie steet ënnert dem dréngende Verdacht, fir sëllegen Abréch an Autoe responsabel ze sinn. E Freideg gouf hien zu Tréier dem Untersuchungsriichter virgefouert an dunn an e Prisong iwwerstallt.
D'Autoritéite bedanke sech bei der Populatioun fir déi vill gutt Informatiounen, déi zu engem Beweegungsprofil a schlussendlech zu enger Arrestatioun gefouert hunn.