1.400 Logementer, 3.000 nei Awunner: d'Stad Esch wiisst an den nächste Joren. Op der "Rouder Lëns" kann ee spéider liewen a wunnen.

Bis Enn de 70er Jore gouf zu Esch op der Rouder Lëns Eisenäerz verschafft. Op dësem 11 Hektar grousse Site entsteet elo an de nächste Joren e fuschneie Quartier. 3.000 Awunner kritt d'Escher Gemeng domadder mei. E nohaltege Quartier gëtt gebaut. Am Total ginn et spéider 1.400 Logementer. Gréisstendeels sinn et Appartementer. E puer Haiser sinn och virgesinn. 30 Prozent vun de Logementer sinn abordabel Wunnengen, déi d'Escher Gemeng keeft. "Et sinn duerno 439 Logementer. 176 Appartementer, 110 Seniore-Wunnengen, 145 Studentewunnengen an 8 Familljenhaiser", sou den Escher Buergermeeschter, Christian Weis am RTL Interview.

Ökologesch gutt Standarde ginn och fir dëse Quartier, net weit ewech vun der franséischer Grenz, geplangt. "Energie gëtt aus Geothermie, Solar- a Wäermepompelen gewonnen. Ausserdeem hu mir gekuckt, wat fir eng Form vun Appartementer gebraucht ginn an déi et an där Form hei nach net gëtt. Ech denken zum Beispill un Appartementer mat 3, 4, 5 Kummeren. Fir Familljen, déi jonk, erwuesse Kanner hunn. Mir versichen op d'Besoinen déi adequat Äntwerten ze fannen". Dëst erkläert den Escher Buergermeeschter.

Den Ament gëtt un den éischte Sozialwunnenge gebaut. Dat sinn der 43. "Am Fréijoer, Summer 2027 wäerten déi éischt Familljen hei kënnen eraplënneren".

Al Gebaier gi restauréiert 

5 fréier Gebaier vun der ARBED ginn erhalen a restauréiert. Sou kënnt an déi al Turbinnenhal de Sportmusée. Op enger Surface vun 2.500 Meterkaree kritt ee spéider hei en Iwwerbléck iwwer den nationale Sport. "Et ass eng eemoleg Chance dëse Musée hei op Esch ze kréien". Dëst erzielt de Christian Weis. "Eng Erausfuerderung vum Site ass natierlech déi al Gebaier vun der Schwéierindustrie, déi geschützt sinn an erhale bléiwen, flott ze gestalten. Dat ass ee Coût dee méi deier ass. Do muss eng Restauratioun gemaach ginn. Et ass awer och en Invest an d'Industriekultur". Sou nach den Escher Buergermeeschter.

Am Joer 2026 fänken d'Aarbechte fir de Sportmusée un. Bis Ufank 2028 solle se daueren. Ufank 2029 soll de Musée dann seng Diere fir de Publik opmaachen.

A 15 Minutten iwwerall zu Esch sinn 

An där Zäit soll ee kënne vun der Rouder Lëns am Ellergronn sinn, awer och am Escher Zentrum ewéi och um Belval. "Dat geet iwwer verschidde Weeër. Dat geet engersäits ze Fouss, dat geet mam Vëlo. Zuchlinn wäert am néie Quartier verschwannen. Do ass e Couloir fir Busse geplangt. Dat bréngt eng besser Verbindung Richtung Frankräich an op d'Escher Gare. Dann hu mir d'Iddi de Vëloswee vum Belval bis op d'Metzeschmelz ze zéien. Den Auto behält awer och seng Plaz fir bis bei den néie Quartier ze kommen". Dëst alles erzielt de Christian Weis wärend dem Interview.

Néie Quartier op 11 Hektar 

Dräi Appartementshaiser ginn den Ament op der fréierer ARBEDsfriche gebaut. 20.000 Metercarré Wunnfläch entstinn an enger éischter Phas. Dat sinn 185 Wunnengen. "Licht" an "Haus" heeschen déi éischt Appartementer déi ablécklech gebaut ginn. Hei huet een och eng flott Vue op de Belval mat sengen Héichiewen an am Vierdergrond e Weier.

Brasserie a Restauratioun 

An engem ale Gebai entsteet eng Plaz wou d'Leit spéider kënnen e Patt huele kommen an eppes iessen. "C'est un vrai challenge de réhabiliter des bâtiments comme cela". Dest erkläert eis d'Sandra Huber, CEO vun IKO Real Estate.

Wunnen a liewe kann een hei um Site. Hei wäert een alles fannen. "C'est tout un quartier de vie qui va apparaître. Il prévoit aussi une école, des équipements publics, également des commerces de proximité".  A weider: "les premiers habitants ils vont arriver dans un an et demi à peu près". Eppes Klengs iwwer 50 Prozent wäre mëttlerweil verkaaft. "On va lancer très prochainement une nouvelle résidence au salon d'immobilier début octobre. Il va démarrer début de l'année prochaine". Sou nach d'Sandra Huber.

En Challenge bleif weiderhin d'Konjunktur an de Verkaf vun de Wunnengen. An 10 bis 15 Joer soll de Projet "Rout Lëns" ofgeschloss sinn.