Lëtzebuergesch wier eng Sprooch, déi ëmmer méi verschwënnt

© Marc Hoscheid / RTL
D'ADR begréisst de Fait, dass et en Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt, ma gesäit nawell kee Grond, fir ze feieren.
Et géing nämlech schlecht ëm d'Lëtzebuergescht stoen. Ëmmer manner Leit géingen d'Sprooch am Alldag schwätzen an d'Regierung géing net genuch maachen, fir där Entwécklung entgéintzewierken.
Am Joer 2011 hunn 323.500 Leit, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, Lëtzebuergesch geschwat, 2023 waren et der nach 292.000. Domadder géingen déi Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, nach 61 amplaz 71 Prozent vun der Gesamtpopulatioun ausmaachen. Ënnert anerem op déi Zuelen aus enger Etüd vum Statec* berifft ee sech bei der ADR, wann ee seet, datt d'Lëtzebuergescht eng Sprooch ass, déi ëmmer méi aus dem Alldag verschwanne géing. Fir deem entgéintzewierken, misst ee virun allem bei deene klenge Kanner usetzen, mee dat géing net genuch gemaach ginn, esou den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup:
"Vum Här Meisch gouf an de Crèchen eng sougenannt Méisproochegkeet agefouert. Déi gesäit an der Realitéit awer esou aus, datt an de Crèchen haaptsächlech Franséisch geschwat gëtt a ganz wéineg Lëtzebuergesch. Oft dann Alibi, eng, zwou Stonnen d'Woch. Dat ass d'Realitéit um Terrain."
An duerch déi ëffentlech europäesch Schoule géing sech déi "Frankophoniséierung" duerch dee ganze Schoulsystem zéien. Och datt dacks gesot gëtt, an de soziale Medie géing d'Lëtzebuergescht vill benotzt ginn, kann de Fred Keup net novollzéien:
"Also ech kann Iech eppes soen, wann ech kucken an de Veräiner wou ech sinn a wou meng Kanner sinn a wou déi Leit sinn, déi ech kennen, wann déi zesummen Chatten hunn, zum Beispill op WhatsApp, da sinn déi an der Reegel net op Lëtzebuergesch, dat war virun zéng Joer de Fall. Déi sinn net op Lëtzebuergesch, déi sinn an der Reegel op Franséisch oder esouguer op Englesch, well jo ëmmer een dobäi ass, deen net Lëtzebuergesch kann."
Datt et eng grouss Demande fir Lëtzebuergeschcoursë gëtt, wier iwwerdeems gutt. Et sollt een déi Offer och weider ausbauen an de Leit deelweis fräi ginn, fir datt se an d'Course kënne goen.Trotzdeem wier d'Zuel vu Leit, déi kee Lëtzebuergesch léieren, vill méi grouss.
Den ADR-EU-Deputéierte Fernand Kartheiser huet dann dofir plädéiert, datt d'Lëtzebuergescht um Niveau vun den europäeschen Institutioune genotzt soll ginn. Een Avis juridique hätt och gewisen, datt dat méiglech wier, et géifen zwar eng Partie praktesch Problemer ginn, déi kéint een awer léisen. Deen Avis juridique dierft hien awer net publizéieren, well d'Europaparlament en als confidentiel agestuuft huet, wat hien net novollzéie kéint.
---
* Nom Recensement vun 2021 hat de Statec ë. a. eng Etüd iwwer d'Sproochen am Land mam Titel La diversité linguistique publizéiert. De Resumé dovu mat den zitéierten Zuelen ass online um Site vum Statec ze fannen. Do gëtt et och e Link op déi ganz Etüd (am PDF-Format), an där am Ufank preziséiert gëtt, wéi déi Zuele vum Sproochgebrauch erhuewe goufen. Gefrot gouf (wéi 2011) no der "Haaptsprooch" an do war just eng Äntwert erlaabt. Zitat: « Quelle est la langue dans laquelle vous pensez et que vous connaissez le mieux ? » Une seule réponse était permise. La langue indiquée sera appelée langue principale.