Visitt um Schantje vum neien ArcelorMittal-Siège um Kierchbierg
Tëscht der Avenue Kennedy an der Rue du Fort Thüngen entsteet um Kierchbierg den neie Siège vun ArcelorMittal.
Hannert der Place de l'Europe gëtt gehummert, gebuert a geschrauft. De sougenannte "K22" hëlt Form un. Hei entsteet den neie Siège vun ArcelorMittal. E Gebai, wat de Stolgigant sech jo mam Staat deelt, och finanziell. E Freideg war d'Visitte vum Schantjen.
Mat Sécherheetsschong, Gilet, Brëll, Helm an Händchen. Et gouf näischt dem Zoufall iwwerlooss bei der Visitt vum aktuell gréisste Chantier aus der Groussregioun, wéi ArcelorMittal seet. Den neien "Headquarter" ass e Bekenntnis zum Standuert. Lëtzebuerg ass eist doheem, seet de Vize-President Vijay Goyal. De Kierchbierg als moderne Business-Zenter vum Land wier perfekt.
Bis ewell si 6 Stäck gebaut, um Enn wäerten et der 16 sinn an dat pentagonaalt Gebai wäert 79 Meter héich sinn.
Nieft Glas a Beton gëtt virun allem mat Metall, also Stol, geschafft.
Den Architekt Jean-Michel Wilmotte: "C'est un hommage à l'acier. Tout est en acier. Le plancher, la façade. On a vraiment beaucoup travaillé les possibilités de l'acier, c'était essentiel pour nous."
Zu enger Säit hi gouf d‘Gebai gespléckt, nodeems d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ze bedenke ginn hat, datt d‘Gebai vum Stadzentrum aus gekuckt breet kéint wierken. Dozou den Architekt: "Je me rappelle plus.Je ne garde que la mémoire du positif."
2.000 Leit kënnen herno am K22 schaffen, en Drëttel wäert vu Mataarbechter vum Stolproduzent occupéiert ginn, de Rescht gëtt vum Staat genotzt respektiv verlount. De Gros ass Büros-Fläch. Et entstinn awer ënner anerem och Commercen, en Atrium, e Gaart an e Parking mat 375 Plazen, also fir knapp e Fënneftel vun de Leit déi do wäerte schaffen.
De Pierre Engel, Chef vum Projet: "On construit environ 90'000 m2. Il y a 49'000 de surface locative brute."
D‘Stolfirma verweist op en ëmweltfrëndlecht an effikasst Gebai, well ënner anerem mat liichte Materialer geschafft géif ginn déi och séier installéiert wieren.
Den Olivier Vassart, Chef vun der Divisioun ArcelorMittal Steligence: "L'acier est assemblé comme un Lego géant.
Les éléments sont préfabriqués et peints à Differdange. Ils arrivent sur le chantier et sont simplement assemblés."
Déi grouss olympesch Réng, déi Paräis ënnert dem Eiffeltuerm installéiert gi waren, goufen ageschmolt an am neie Siège um Kierchbierg verbaut.
Pierre Engel:"Quand on les a démonté on s'est dit: on va les envoyer au Luxembourg, les refondre et faire des poutrelles avec pour le HQ. C'est un petit clin d'oeil."
Fir de geneeë Käschtepunkt ze nennen, do di se sech bei ArcelorMittal schwéier. E Baupräis vu gutt 4.000€ de Metercarré gëtt genannt, wien dat dann op déi gesamt 89.000 Quadratmeter héich rechent kënnt op tëschent 350 a 400 Milliounen €.
Fir politesch Opmierksamkeet hat jo gesuergt, datt de Staat zur Hallschent Proprietär gëtt an 273 Millioune bäisteiert, wat also méi wéi 50% wier, wann de Konstruktiounspräis, deen ArcelorMittal nennt, korrekt ass. Wéi de Staat dat Gebai genee wäert notzen ass nach net gewosst. Den Terrain gehéiert iwwregens weiderhin dem Fonds Kirchberg an et gëllt eng Emphytheos.
D‘Receptioun vum Gebai ass fir Juli 2027 geplangt. Par Rapport zu deem wat 2022 definéiert gi war léich een am Timing an am Budget, sou ArcelorMittal.