D'Police huet eng Persoun zu Bouneweg festgeholl

© Police
D'Police huet en Donneschdegnomëtteg eng gréisser Kontroll zu Bouneweg gemaach.
De Fokus louch op der Drogekriminalitéit an op den Immigratiounsgesetzer. Ausserdeem wier et der Police no drëms gaangen, am Allgemenge Presenz ze weisen.
Am Ganze goufen zéng Persoune kontrolléiert an et goufe siwen Infraktioune constatéiert. D'Beamten hunn een Avertissement taxé a véier Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetzer geschriwwen. Eng vun de kontrolléierte Persoune war iwwerdeems bei der Immigratiounsdirektioun signaliséiert.
Ausserdeem gouf e Mann wéinst onerlaabtem Waffebesëtz festgeholl. Bei him hunn d'Beamten och eng kleng Quantitéit Droge fonnt. D'Waff an d'Droge goufe saiséiert an de Mann koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.

© Police
Am Ganze waren eelef Polizisten an een Drogemupp bei der Kontroll am Asaz.