E Freideg kuerz no 16 Auer huet et um CR135 tëscht Méischdref a Giwenech gerabbelt. En Auto war hei op der Kopp gelant.

Wéi de CGDIS mellt, goufen zwou Persoune bei deem Accident verwonnt. Nieft dem Stater SAMU waren d'Pompjeeë vu Mompech a Mäertert an den Asaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vu Mäertert an Iechternach.

Bei engem Accident zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss war et géint 13.40 Auer beim Materialschued bliwwen. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm.