Elektroneschen Archivage kritt legale Kader
Lëtzebuerg ass dat éischt Land an Europa, dat e legale Kader geschaaft huet fir Dokumenter digital ze archivéieren.
4 Millioune Classeure ginn de Moment bei der Entreprise Labgroup zu Lëtzebuerg stockéiert. Zu hire Clienten ziele virop Banken. Vun elo u kënnen déi sensibel Donnéeën elektronesch gespäichert ginn, op de Pabeier kann da verzicht ginn.
D'Maschinnen, déi dës Donnéeën ascannen, si ganz performant a kënne bis zu 1.000 Säite pro Minutt aliesen.
Clientèle géing bis elo ganz positiv op déi nei Offer reagéieren an dat well de neie System eng Rei Virdeeler mat sech bréngt. Wann en Dokument agescannt ginn ass, da kënnen zum Beispill direkt e puer Leit zäitgläich dru schaffen. En anere Virdeel ass deen, dass een ëmmer weess wou sech en Dokument befënnt.
Labgroup krut e Mëttwoch, als éischt Entreprise hei am Land, de Certificat fir dësen elektroneschen Archivage unzebidden. Dëse Certificat garantéiert de Clienten eng juristesch Sécherheet.