D'Police warnt virun Onéierlechen, déi Bankkaarte wëlle klauen
© RTL
Wéi et vun der Police heescht, géif een aktuell ëmmer nees gemellt kréien, dass Onéierlecher Leit bei Bancomaten oder Automaten uschwätzen.
Ënner anerem hätt en onbekannte Mann e Freideg eng Persoun zu Esch-Uelzecht ugeschwat, wéi dës amgaange war, hire Parkticket ze bezuelen. De Mann hätt der Persoun seng Hëllef ugebueden, ma d'Bancomatskaart wier duerno net méi aus dem Automat erauskomm. Antëscht wier awer eng véierstelleg Zomm vum Affer sengem Kont opgehuewe ginn.
Am Laf vum Samschdeg hätt d'Police da vun e puer Leit aus dem Süde vum Land gemellt kritt, dass dës bei engem Bancomat vu Männer ugeschwat goufen, déi si net kannt hunn. Et wier dovun auszegoen, dass et dëse Männer drëms geet, de Pin-Code vun den Affer erauszefannen, sou d'Police.
D'Police réit de Leit, hir Bancomatskaart ëmmer am A ze behalen an de Pin nëmme verdeckt anzeginn. Et sollt ee mësstrauesch ginn, wann ee beim Bezuelen oder Ophiewe vu frieme Leit ugeschwat gëtt. Wann esou eng Persoun ze opdrénglech wier, sollt ee si opfuerderen Ofstand ze halen. Wa si dat net mécht, sollt een d'Transaktioun ofbriechen. Och wann d'Kaart net méi aus dem Automat kënnt an op eemol eng friem Persoun hir Hëllef ubitt, sollt ee virsiichteg sinn. Schliisslech sollt ee verdächteg Persounen um 113 mellen.