Asaz vum Samu
Auto géint Bam tëscht Réiden op der A a Räichel
Kuerz no 23 Auer e Samschdegowend ass et op der RN22 tëscht Réiden op der Atert a Räichel zu engem méi uergen Accident komm.
Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi en Auto e Bam ze pake krut. Op der Plaz waren de Samu vun Ettelbréck, d'Ambulanciere zu Réiden an d'Pompjeeë vu Réiden an Useldeng.
Iwwerdeems ass géint 20.40 Auer e Samschdegowend en Auto op der RN10 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert an de Gruef geroden. D'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Mäertert hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Am meeschte gelies