Den Norris geet wéi schonn am Sprint als Éischten un den Depart. Hannert him starten de Kimi Antonelli an de Charles Leclerc. De Piastri gouf Véierten.

Bei bessere Konditioune wéi nach am Sprint huet de Lando Norris seng staark Performance a Brasilien eng weider Kéier ënner Beweis gestallt. De Britt huet sech souverän d'Pole Position geséchert a war och an den Duerchgäng 1 an 2 kloer vir. D'Startopstellung vun der Course ass e Copy-Paste vum Sprint. De Kimi Antonelli confirméiert seng Leeschtung a fiert op Plaz 2, virum Charles Leclerc. Den Oscar Piastri huet sech mat der véierter Plaz mussen zefridde ginn.

D'Racing Bulls hunn och eng staark Leeschtung geliwwert. Den Isack Hadjar geet vun der 5. Plaz an d'Course an de Liam Lawson start vu Plaz 7, dotëscht ass den Goerge Russell ze fannen. Den Oliver Bearman ass och eng staark Qualifikatioun gefuer, gouf awer net mat engem bessere Resultat wéi der Plaz 8 belount. Startrei 5 forméieren de Pierre Gasly an den Nico Hülkenberg, fir deen et déi éischt Participatioun am Q3 an dëser Saison war.

Et war en historesche Q3 zu Brasilien. Et war eréischt déi zweet Kéier, säitdeem de Max Verstappen an der Formel 1 fiert, dass weeder den Hollänner nach de Lewis Hamilton dobäi waren.

Fir de Lewis Hamilton ass et nees e schwaarze Weekend an der Qualifikatioun. Wéi schonn an der Quali fir de Sprint ass et fir de Rekordweltmeeschter net duergaangen, fir an den drëtten Tour ze kommen. Dat selwecht Schicksal hu souwuel béid Aston-Martin-Autoe mam Alonso a Stroll wéi och béid Williams-Piloten Albon a Sainz erlidden.

De Grip um Circuit war immens schwéier anzeschätzen, well de Circuit sech bannent kuerzer Zäit souwuel an déi positiv wéi an déi negativ Richtung entwéckelt huet. Dat war wuel och de Grond fir den Out vum Max Verstappen.

Mega-Gau fir Red Bull

No senger véierter Plaz am Sprint an dem Out vum Piastri hat sech de Max Verstappen grouss Hoffnunge gemaach, fir mat enger gudder Startpositioun weider Punkten op den Australier guttzemaachen. Mee den Hollänner huet e schwaarze Moment erwëscht a gouf direkt am Q1 eliminéiert - genee wéi säi Coequipier Yuki Tsunoda. De Weltmeeschter huet sech nees iwwer säin Auto beschwéiert, well hien d'Pneuen net richteg op Temperatur krut. Hie start vun der Positioun 16.

Et ass den éischten Out vum Verstappen am Q1 zënter Sotschi 2020. Well de Yuki Tsunoda och eliminéiert gouf, war kee Red-Bull-Auto am Q2 dobäi. Dat gouf et zënter Japan 2006 net méi. Dohier ass dat schonn e remarkabele Moment.

Nieft béide Red-Bull-Autoen hunn och Ocon a Colapinto den Auto nom Q1 mussen ofstellen. Dem Bortoleto säin Auto gouf nom Accident am Sprint net rechtzäiteg fäerdeg fir d'Qualifikatioun.

D'Course e Sonndeg kënnt Dir ab 18.00 Auer op RTL Zwee, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren. De Virprogramm fänkt um 17.15 Auer un.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PREMIO DE SAO PAULO 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025