Eng Visitt am Atelier vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi zu Hamburg lieft an déi elo vum CAL mam Prix Grand-Duc Adolphe ausgezeechent gouf.

"Ech hu Kriibs." No bal annerhallwer Stonn Gespréich iwwer dëst an dat fir dëse Sonndesinterview fält dee Saz – e Saz, dee schneit, deen erféiert, dee perplex mécht, well een net weess, wéi een dorop soll reagéieren. De Saz kënnt onvermëttelt, ouni Filter an ouni Virwarnung, dobäi muss e gesot ginn an e muss elo gesot ginn, well elo soll et am Gespréich ëm déi dräi Konschtwierker goen, déi d'Chantal Maquet agereecht huet, fir beim prestigiéise Salon vum CAL, dem Cercle Artistique de Luxembourg, nach bis de 16. November am Tramsschapp, matzemaachen.

4 Portraiten, 1 gerummte Port an 1 Videoclip

Dräi Wierker mussen dat sinn an dem Chantal Maquet seng kéinten net méi verschidde sinn. Dobäi hu se eng ganz grouss Gemeinsamkeet, se hunn all en direkte Lien zu hirer Kriibs-Erkrankung:

  • self-questioning, 33 x 100 cm, Ueleg op Léngen, ass eng Serie vu véier Autoportraite vun der Kënschtlerin a véier Liewensphasen – virun der Diagnos, kuerz dono, wärend der Therapie an no hirem Ofschloss. "E molerescht Ausernanersetze mat mir selwer", esou d'Artistin.

  • 23112023-22052025, 20 x 15 cm: D'Wierk, deem säin Titel aus zwee Datumer besteet, ass de gerummten intravenöse Port, duerch deen tëscht dem 23. November 2023 an dem 22. Mee 2025 d'Chimiotherapie vun der Kënschtlerin gefloss ass. Den (symboleschen) Präis vum Readymade: 84.314,67 Euro. "Dies entspricht exakt der Summe der Medikamentenkosten, die meiner Krankenkasse in Rechnung gestellt wurden", schreift d'Artistin iwwer hiert Wierk. A weider: "Die enorme Summe zeigt, wie sich das Gewicht und die Bedeutung von Geld verändern, wenn man es am Maßstab der Gesundheit misst."

  • just listen, 1200 x 1920: Esou heescht dee ronn 9 Minutte laange Videoclip, deen op eng ganz intim Aart a Weis weist, wéi d'Chantal Maquet mam Kriibs ëmgaangen ass, wéi en hatt verännert huet a wéi d'Ëmwelt bei der Konfrontatioun domat dacks iwwerfuerdert war. Ufänken deet de Video mat Portraitsfotoen, déi Dag fir Dag gemaach goufen an den Afloss vun der Krankheet op de Kierper, op d'Gesiicht, op d'Ausgesinn an iergendwéi och op d'Gemitt dokumentéieren.

Dräi Wierker iwwer ee Schicksal oder dräi Aarbechten, fir ee Schicksal ze verschaffen. E Schicksal, dat beréiert. Aarbechten, déi iwwerzeegen.

"Touché par le caractère très poignant de l’oeuvre"

Fir "just listen" gouf d'Chantal Maquet virun e puer Deeg vum CAL mam Prix Grand-Duc Adolphe 2025 ausgezeechent – eng Decisioun, déi de Jury unanime geholl huet, well d'Wierk seng Membere beréiert huet: "Le jury a été touché par le caractère très poignant de l’oeuvre (vidéo) qui confronte le visiteur avec l’expérience de la maladie du cancer à ses différents stades."

A sengem Communiqué zitéiert de CAL, wéi d'Artistin hiert Wierk selwer beschriwwen huet: "Mon travail vidéo s’intitule « just listen » (écoute simplement), car les personnes qui m’étaient les plus proches dans les différents moments de la maladie étaient celles qui savaient simplement écouter, sans relativiser, expliquer ou apaiser. Je partage cette expérience, car je pense qu’elle nous apprend à mieux nous comporter les un.e.s envers les autres, en particulier dans des périodes de crise."

Als "très poignant" huet de CAL-Jury also de Clip vum Chantal Maquet bezeechent, genee esou "poignant" war seng Kriibs-Aussoe matten am Sonndesinterview. Dobäi nuancéiert a relativéiert d'Kënschtlerin awer: "D'Theema ass am Fong net de Kriibs, mee den Ëmgang mam Kriibs, wéi jiddereen iwwerfuerdert ass an esou enger Krisesituatioun. D'Leit wëlle jo hëllefen a wëssen net wéi."

Si hätt hir Aarbecht och agebett "an d'Logik vu menger Konscht, wéi ech se soss och maachen". D'Kriibs-Wierker fir de CAL-Salon wiere kee Broch, am Géigendeel: "Mäin eigentlecht Theema sinn d'Mënschen, déi ech molen, an hiert Verhältnis, hir Bezéiung zueneen."

Eng Graphic Novel mat der Fro "Bass du rassistesch?" ...

Op hirer Internetsäit beschreift sech d'Chantal Maquet als feministesch an anti-rassistesch Artistin. Virun e puer Joer huet si eng Graphic Novel iwwer Rassismus, Kolonialismus an Diskriminéierung erausbruecht. Titel: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn". Ënnertitel: "E Buch fir ze verstoen, firwat dat net stëmmt." Zweeten Ënnertitel: "A mat Iddie fir e bessert Zesummeliewen." Am Buch integréiert ass e potenziell ganz onbequeeme Selbsttest, "Bass du rassistesch?", an deem et ëm Stereotyppen a Selbstreflexioun geet an deen engem hëlleft, sech selwer anzeschätzen.

Een Ament kéint ee mengen, d'Chantal Maquet wier manner Artistin a méi Aktivistin – vläicht esouguer eng militant? Am Gespréich mierkt een dann awer séier, datt deen Androck falsch ass, datt ee sech ëmsoss Gedanke gemaach huet an datt ee vläicht Affer vun eegene Virurteeler a Stereotyppe gouf.

... a Feeler als Chance fir Verbesserung

"Als Kënschtlerin ass meng Persoun a wien ech sinn, extreem wichteg fir meng Aarbecht, well a meng Aarbecht fléisst meng Perséinlechkeet mat eran", erkläert d'Chantal Maquet am Interview. "Ech definéiere mech als Feministin an ech probéieren, sou gutt wéi méiglech en Antirassist ze sinn. Dat geléngt mer net ëmmer. An och dorëms geet et, mengen ech, bëssi a menger Aarbecht, dass ech dofir plädéieren, dass mer eng Feelerkultur hunn. Dass mer aus Feeler léieren a besser ginn. Dofir sinn d'Feeler nämlech gutt." Et misst een och net bei al Feeltrëtt e Faass opmaachen a sech éiweg mat der Scholdfro ophalen. "Well et muss virugoen."

Eng konsequent konstruktiv Approche vum Chantal Maquet – wat d'Zesummeliewe vun de Leit ugeet an och beim Ëmgang mat der eegener Krankheet: De Kriibs gouf zu Konscht verschafft. An trotz där uerger Diagnos an deenen eeschte gesellschaftlechen Theemen ass d'Artistin beim Sonndesinterview gutt gelaunt, wierkt onbeschwéiert, straalt Optimismus aus. Si laacht, kruwwelt hiren Terrier Diego, deen duerch den Atelier bëselt, an erkläert hir faarweg Biller.

Eege Geschichten, expressiv Faarwen

Un der Faarwegkeet kéint een hir Molerei wierklech erkennen. Dacks begéint ee se op vergréisserte Schwaarzwäiss-Fotoe mat Leit drop. Och hei geet et dem Chantal Maquet ëm d'Verhältnis vun de Protagonisten ënnereneen. "An dofir benotzen ech d'Faarwen, fir dat méi kloer erauszeschaffen, wat ech do gesinn."

Al Fotoe faszinéieren d'Molerin schonn zanter Laangem. Op Reese geet si ëmmer nees gären op Floumäert. "Wou anerer just al Fotoe gesinn, gesinn ech eng Geschicht an déi bréngen ech an d'Molerei an. Mat enger subjektiver Faarwegkeet, expressiv, net naturalistesch." A well et ëm dat geet, wat d'Kënschtlerin gesäit, kritt och keen déi original Fotoen ze gesinn, schliisslech géif et net drëm goen, ze kucken, wou d'Konscht vun der Virlag ofwäicht ...

Heiansdo moolt d'Chantal Maquet awer och no liewege Virlagen: Portraiten. "Ech hu friem Leit aus menger Noperschaft portraitéiert. Hunn eng Stonn mat e geschnësst a se dobäi gemoolt. Bis elo war nach kee mer dono onsympathesch. Et ass flott mat Leit ze schwätzen, déi net aus menger Bubble kommen."

D'Chantal Maquet, Joergang 1982, kënnt vu Colmer-Bierg, huet am Kolléisch eng E-Sektioun gemaach an dunn zu Hamburg eng Ausbildung als Grafikdesignerin. Iwwer dem Studium vun der Illustratioun hätt se dunn awer festgestallt, datt se eigentlech Kënschtlerin wier, wat schonn eppes aneres wier: "Als Illustrator oder Illustratorin huet een en Optrag, als Kënschtler oder Kënschtlerin schafft ee vu sech aus."

Datt dat e komplett anert Beruffsliewen ass, hëlt si mat a Kaf: "Ech hu keng Pai, kee bezuelte Congé. Ech hunn e Kont, weess ongeféier, wat drop ass a wéi laang ech domat kommen. Et ass e bësse wéi beim Seegelfliger, do muss een och ëmmer kucken, wéi wäit en nach dréit." Bis elo hätt et sech op alle Fall nach ëmmer gedroen, "mee eng Garantie gëtt et net".

Hamburg an Heemecht

Gradesou zefridde wéi mam Choix vum Job ass d'Chantal Maquet mam Choix vun hirer Walheemecht Hamburg: "Ech hu mech ganz fréi an déi Stad verléift. Ech sinn direkt no der Première heihinnerkomm. Ech hunn déi Stad kenne geléiert an ëmmer erëm iwwerrascht mech déi Stad an ëmmer erëm ass et schéin, an där Stad ze sinn."

Dat verhënnert awer net, datt enk Lienen zu der Heemecht bliwwe sinn an d'Chantal Maquet reegelméisseg am Grand-Duché ass, dacks projetsgebonnen: "Et ass vill lass zu Lëtzebuerg an dat ass ganz positiv gemengt." An de leschten 10 bis 20 Joer hätt sech am Konschtberäich enorm vill entwéckelt.

D'Chantal Maquet ass iwweregens net "just" Molerin, si mécht och interaktiv Soundinstallatiounen. Datt si och gären an den technesche Beräich eraluusst, gesäit een an hirem Atelier relativ séier: Op där enger Plaz leie lauter Spachtelen, Pinselen a Faarftüben, op där anerer hänken e sëllegen Tournevissen, Zaangen a Kabelen, wéi ee se éischter bei engem Elektriker géif vermudden ...

Och bei den Toun-Aarbechten interesséiert sech d'Chantal Maquet dofir, wéi d'Leit sech behuelen. Beim Betruechte vun engem Bild, wier keng Zäit virginn, bei engem Audio-Guide oder enger Bünenaarbecht schonn. Dofir hätt si eng Kéier eng Soundinstallatioun gemaach, déi op d'Beweegung vun de Leit reagéiert huet. "De Behaviour interesséiert mech."

A grad beim Behuelen an der Gesellschaft kéim d'Konscht an d'Spill: "D'Konscht kann Zesummesi kreéieren, eng déif Emotioun ausléisen, ee beréieren an hëllefen ze erkennen, wat wierklech wichteg ass." Dat kéint se zu all Ament a krassen Zäite wier dat awer nach méi wichteg.

Esou eng huet d'Chantal Maquet elo eng hannert sech. Mat den Exponater fir de CAL-Salon ass si mat hirem Kriibs erausgaangen. No esou enger Diagnos géif engem dat net méi aus dem Kapp goen a jiddereen hätt een eegenen Ëmgang domat. Ma dat Wichtegst stécht an engem Niewesaz, fir dee sech d'Kënschtlerin am Sonndesinterview extra erëmgeholl huet: "Déi dräi Aarbechten, déi ech beim CAL weisen, ginn alleguerten ëm dat selwecht Theema, nämlech ëm dat Theema, dass ech Kriibs hunn oder dass ech Kriibs hat ....".

Hat!

PRAKTESCH INFOEN

  • De Salon vum CAL leeft nach bis de 16. November 2025 am Tramsschapp um Lampertsbierg (49, rue Ermesinde). Ouvertureszäiten:
    - Sonndeg, 9. November: vun 10 bis 19 Auer
    - Méindeg, 10. bis Freideg, 14. November: vu 14 bis 19 Auer
    - Samschdeg, 15. November: vun 10 bis 19 Auer
    - Sonndeg, 16. November (leschten Dag): vun 10 bis 17 Auer

  • Vum 9. bis den 11. Januar 2026 stellt d'Chantal Maquet zu Hamburg am Studio 45 am Künstler*innenhaus Wendenstraße aus.

  • Am Laf vun 2026 gëtt der Laureatin vum Prix Grand-Duc Adolphe 2025 eng monografesch Ausstellung an der Galerie Schlassgoart zu Esch dediéiert.

E Bléck an eist Video-Archiv

Am Abrëll 2021 – matten an der Corona-Zäit – huet eis deemoleg Kultur-Ekipp d'Chantal Maquet an enger ArtBox portraitéiert, mat Andréck aus dem Atelier zu Hamburg an natierlech och mat Impressiounen aus deem markanten Trapenhaus ...

ArtBox mam Chantal Maquet
E Portrait vum Chantal Maquet, d'Expo "Land Rush", de jonken DJ Rick Berg an den Dänzer Simi Simoes.

Am Juni 2019 war et e kuerze Reportage iwwer d'Expo "Stay Gold" am CAPE zu Ettelbréck ukucken. Doran net ze iwwersinn: d'Léift vun der Kënschtlerin fir Faarwen.

Expo Chantal Maquet
Nach bis de 7. Juli kann een sech d'Expo „Stay Gold“ am CAPE zu Ettelbréck ukucken.

Am November 2022 war d'Chantal Maquet eng weider Kéier op der Tëlee, am Kader vum Salon vum CAL hat d'Molerin zesumme mam Fotograf Mikka Heinonen de Prix Pierre Werner iwwerreecht kritt.

Prix Pierre Werner beim Salon vum CAL
D'Chantal Maquet an de Mikka Heinonen kruten de Präis a Presenz vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse iwwerreecht.

An am August 2023 war e Konschtprojet zu Clierf mam Chantal Maquet Theema am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Clierf a seng Awunner stinn am Mëttelpunkt vun engem Konschtprojet
D’Molerin Chantal Maquet ass den Ament an der Residenz am Ermitage zu Clierf.