Op Teneriffa sinn e Samschdeg dräi Persoune wéinst grousse Wellen ëm d'Liewe komm, dat bei verschiddenen Tëschefäll.

Dat hunn d'Rettungsdéngschter vun der Vakanzeninsel matgedeelt.

Zu La Guancha am Norde vun der Insel huet eng Rettungsekipp e Mann mat engem Helikopter aus dem Waasser gezunn. Hie gouf nach op der Plat fir dout erkläert.

E weidere Mann ass bei El Cabezo am Waasser gedriwwen. Och bei him konnten d'Secouristen nëmmen nach den Doud feststellen.

Zu Puerto de la Cruz huet dann eng grouss Well zéng Persounen an d'Mier gerappt. Polizisten a Passanten hunn d'Leit aus dem Waasser gerett, ma eng Fra huet beim Tëschefall en Häerzinfarkt erlidden a konnt net méi reaniméiert ginn. Dräi weider Persoune si mat uerge Blessuren an d'Spidol komm.

Op de ganze Kanare gouf an der Suite vun den Tëschefall eng Alerte ausgeruff. D'Leit solle sech wéinst dem staarke Welle-Gang an Uecht huelen.