Tëscht de Sortië Fluessweiler a Mënsbech hat sech en Auto iwwerschloen
© RTL Archiv
E Sonndeg géint 11.30 ass et op der A1 an Direktioun Stad zu engem Accident komm.
Wéi d'Police e Sonndegmoien op Nofro confirméiert, huet sech tëscht de Sortië Fluessweiler a Mënsbech en Auto iwwerschloen.
Am fréien Nomëtteg krut RTL da vun der Police weider Detailer zum Accident. Deemno hätt de Chauffer vum Auto d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. De Won hätt doropshin d'Leitplank touchéiert an dowéinst de Kontakt mam Buedem verluer. Schliisslech hätt den Auto sech dann iwwerschloen. De Fuerer a säi Bäifuerer goufen nom Accident an d'Spidol transportéiert, si hunn awer keng schwéier Blessuren dovugedroen.
D'Autobunn war nom Accident an Direktioun Stad fir den Trafic gespaart. Antëscht ass se awer nees op.