Eng ural Kapell zu Elleng gëtt e Bijou fir haut a muer
E Freideg den Owend gouf um Ellenger Kierfecht eng ural Kapell geseent.
D'Kapell gëtt elo, komplett restauréiert, als Morgue genotzt gëtt an anengems fir d’Gemeng Munneref e wichtege Patrimoine an Zäitzeien ass. 1621 stoung op dëser Plaz, uewe beim Kierfecht, nämlech déi éischt Ellenger Kierch – bis de Blëtz a si geschloen ass an d’Hallschent vum Gebai huet missen ofgerappt ginn. Elo steet d’Lambertus Kapell um Inventaire vum INPA, dem Institut national pour le patrimoine architectural.
Zu Elleng gouf viru ronn 150 Joer Pläng fir eng nei Kierch ënnerschriwwen an anengems gouf Geschicht geschriwwen. D’Resultat nennt sech Hellege Lambertus an d'Kapell gehéiert haut zum Patrimoine vun der Munnerefer Gemeng.
D’Kapell beim Kierfecht an d’Kierch am Duerfkär géifen op alle Fall awer och haut nach eng grouss Roll am Duerfliewe spillen, erklären eis de Paschtouer Daniel Graul an de Steve Reckel, Buergermeeschter vu Munneref.
D’Kapell, oder d’Morgue, gouf e Freideg den Owend geseent an anengems ass d’Ellenger Kiermes gefeiert ginn, mat Kiermesham natierlech.