Nei Luuchten zu Schëffleng, e Problem an der Stad
Nieft Schëffleng huet een och an der Stad de Problem mat der Liichtverschmotzung.
Fir géint Liichtverschmotzung virzegoen, ginn zu Schëffleng zanter 3 Joer d'Stroosseluuchten ersat. Nei LED-Luuchte ginn elo installéiert. Dës sollen eng Liewensdauer vu ronn 150.000 Stonnen hunn. Dat entsprécht enger Lafzäit vun ëm déi 30 Joer.
Och an der Stad huet ee Problemer mat der Liichtverschmotzung
An Zukunft wäerten dann och Aarbechtsgruppen an d’Liewe geruff ginn, déi sech méi mam Sujet befaassen wäerten. Dem Camille Gira no wieren hei Acteuren ewéi Ponts et Chaussées, Syvicol a Sites et Monuments drun bedeelegt. D’Zil wier et hei eng nei Guideline auszeschaffen.
Zu Lëtzebuerg ginn nach ëmmer vill Plazen onnéideg beliicht. Esou och d’Stater Festungsmauer, déi an Zukunft eng nei Beliichtung soll kréien, ënnersträicht de Schwäizer Expert, Lukas Schuler.
Duerch déi onnéideg Beliichtung, belaaschten aktuell 20 Prozent vun de Lëtzebuerger Gemengen d’Ëmwelt. Op deene concernéierte Plazen ass et dann och esou hell, ewéi wann Nuets zweemol Vollmound géif schéngen.