Am Lycée Michel Lucius
Policeasaz wéinst méiglecher Bomme-Menace op de soziale Medien

Kuerz viru 14.40 Auer e Freideg krut d'Police eng Bomme-Menace gemellt, déi iwwer d'sozial Medie géint de Lycée Michel Lucius geriicht gi wier.
Eng Partie Asazkräften an eng Hondsstaffel wieren doropshin op d'Plaz gefuer. D'Gebai gouf duerchsicht an all Gefor konnt ausgeschloss ginn. Well d'Course schonn eriwwer waren, huet och keng Evakuéierung missen an d'Weeër geleet ginn.
D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies