D'Gesetzesprojete fir d'Reform vum Pensiounssystem goufen ugeholl

E Freideg war de Regierungsrot zesummekomm.
Op der Agenda stoung ënner anerem déi ekonomesch, sozial a finanziell politesch Aktualitéit.
Hei ass et virop d'Nouvelle, dass de Regierungsrot déi zwee Gesetzesprojete fir d'Reform vum Pensiounssystem ugeholl huet. Dës Reform geet aus de Conclusioune vun der Regierung ervir, no de Reunioune mat de Sozialpartner, an ziilt dorop of, eng global an equilibréiert Approche ze suivéieren, fir déi finanziell Nohaltegkeet vum Pensiounssystem ze stäerken.
Et sinn dëst am Wesentlechen:
Déi schrëttweis Upassung vum tatsächlechen un de gesetzleche Pensiounsalter. Andeems den Zäitraum vun de Cotisatioune bis 2030 lues a lues ëm insgesamt aacht Méint verlängert gëtt - bei gläichzäitegem Erhalt vun de Konditioune fir eng virzäiteg Pensioun ab 57 Joer. Wie mat 57 Joer 40 Joer cotiséiert huet, däerf deemno weiderhin a Pensioun goen.
D'Erhéijung vum Cotisatiounstaux vu 24 op 25,5 Prozent vun 2026 un, woubäi d'Allocation de fin d'année bäibehale gëtt.
D'Flexibiliséierung vum Urechne vun de Studiejoren.
D'Aféierung vun der Méiglechkeet, schrëttweis an d'Pensioun ze goen.