Zu Bartreng huet eng Persoun missen aus engem Auto befreit ginn

© RTL Archiv
E Freidegowend waren d'Ekippe vum CGDIS dräi Mol wéinst Accidenter am Verkéier a Asaz.
Um 17.05 Auer krut en Auto um CR110 tëscht Kënzeg an Nidderkäerjeng e Bam ze paken. D'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng an den Noutdokter vum Samu vun Esch hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert. D'Pompjeeë vu Käerjeng goufen och op d'Plaz geruff.
Géint 19.40 Auer huet dann eng Persoun missen aus engem Auto befreit ginn, dee sech zu Bartreng an der Lëtzebuerger Strooss iwwerschloen hat. Hei waren d'Secouriste vu Mamer an aus der Stad, den Noutdokter vum Stater Samu an d'Pompjeeë vu Bartreng, Mamer an aus der Stad op der Plaz.
Um 20 Auer sinn dann dräi Autoen op der Diddelenger Autobunn op der Héicht vun der franséischer Grenz net laanschtenee komm. Hei soll kee verwonnt gi sinn.