Neien Ausbau vun den Urgencë geet Enn Oktober op
No 28 Méint Aarbechten dierft den 300m2 groussen Ausbau opgoen. Zil ass eng besser a méi séier Prise-en-charge vun den Noutfallpatienten.
Wann d’Ambulanz kënnt, muss et séier goen. Den neien Ausbau hannert dem Nordspidol bitt hei ee besseren Accès. Bis zu véier Noutgefierer beienee kënne Patiente bréngen. Am Katastrophefall, wann zum Beispill en Zuch entgleist a ganz vill Leit beienee musse behandelt ginn, kann d‘Garage souguer ëmfunktionéiert ginn an een Nout-Triage oder een Nout-Behandlungsraum, erkläert de Generaldirekter Dr Paul Wirtgen.
Am Urgence-Ausbau selwer gëtt et een neien duebele Schock-Raum, an deem zwee Patienten nieftenee behandelt kënne ginn. Vun do aus sinn et just e puer Schrëtt an de Raum niewendrun, wou een neien eegene Scanner fir d’Urgencë steet. Domadder gëtt deen anere Scanner vum CHdN entlaascht, confirméiert eis d’Anne, eng Infirmière aus den Urgencen. “Genau. Dee Moment sinn d’Urgencen aus deem eraus, wou normalerweis ëmmer alles gestoppt gëtt fir d’Urgencen. Do brauch deen net méi gestoppt ze ginn.”
11 Kuerzzäit-Iwwerwaachungszëmmeren
Am Ausbau kënnen dann och méi Noutfallpatienten iwwerwaacht ginn. Hat de CHdN bis ewell véier Kuerzzäit-Iwwerwaachungszëmmeren, kritt en elo eelef fonkelneier mat modernstem Ekipement. Mat méi Raim wär et natierlech méi einfach, Patiente méi séier en charge ze huelen, seet den Dr Wirtgen. “Mee besonnesch am neien Deel si Raim, déi och fir Iwwerwaachung fir e puer Stonne si fir Leit, déi eppes méi Graves hunn, déi eng Therapie kréien. Esou datt d'Zil net nëmme méi séier ass, mee besser.”
D’Spidol krut fir den Ausbau zousätzlecht Gesondheetspersonal vun der CNS accordéiert. Déi siwe Vollzäit-Poste fir Infirmieren oder Infirmièren goufe scho besat, d’Sich no Dokteren ass nach net ofgeschloss.
Am Fall vun enger Pandemie kann den Ausbau vum Ettelbrécker Spidol mat sengem eegene Lëftungssystem getrennt vum alen Deel funktionéieren. Infizéiert Patiente kéinten hei also behandelt ginn, ouni Risk fir net-infizéiert Patienten, déi dann am alen Deel en charge geholl géifen.
Reklamm fir seng nei Urgencë wëll de Centre Hospitalier du Nord awer net. Et wär een dofir déi Leit, déi d’Urgence bräichten. Déi wéi den Numm et seet, just fir Noutfäll geduecht sinn, wann ee sech akut schlecht spiert oder mat der Ambulanz ageliwwert gëtt.