De presuméierten Déif gouf gestallt
Eng Fra krut an engem Restaurant den Handy geklaut

© RTL
E Freidegmoie krut d'Police gemellt, dass an engem Restaurant zu Iechternach en Handy geklaut gouf.
Éischten Informatiounen no hat den Täter d'Geleeënheet genotzt, wéi den Handy fir ze lueden op engem Dësch louch an d'Besëtzerin ee Moment net opgepasst huet.
Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, déi als éischt kee Resultat bruecht huet. Am Laf vum Mëtteg konnt de presuméierten Déif dunn awer nach gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll geschriwwen. D'Fra krut hiren Handy zeréck.
Am meeschte gelies