D'Police krut an de leschte Stonnen eng Rei Abréch an Haiser an an Autoe gemellt.

E Freideg am Nomëtteg gouf an en Haus um Briddel agebrach. Éischten Informatiounen no haten d'Brigange sech iwwer d'Terrassendier Zougang verschaaft. Et goufe Bijoue geklaut.

Iwwerdeems gouf et e Freidegowend zu Bierchem agebrach. Hei war eng Fënster de Wee an d'Haus. Éischten Erkenntnisser no hunn d'Gauner e Safe matgeholl.

Donieft goufen an der Stad zwee Autoen opgebrach:

E Freidegowend war dat op der Paräisser Plaz de Fall. Hei goufen e Costume an e Rucksak geklaut. Méi spéit um Owend hunn dann Onbekannter d'Fënster vun engem Auto um Kierchbierg ageschloen an dësen duerchwullt.

An Alle Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.