D'Rettungsdéngschter haten am Laf vum Freide genuch ze dinn. Véier Persounen hunn no Accidenter mussen an d'Spidol bruecht ginn.

An der Mëttesstonn war et zu Wegdichen an der Rue Eisknippchen eng Kollisioun tëscht engem Bus an engem Cyclist. De Vëlosfuerer gouf dobäi blesséiert.

Géint 14 Auer krute sech an der Escher Strooss zu Beetebuerg e Moto an eng Camionnette ze paken. De Motocyclist gouf verletzt an d'Klinik ageliwwert. Kuerz viru 15 Auer krute sech an der Munnerefer Strooss zu Beetebuerg zwee Autoen ze paken. Och hei koum eng Persoun verwonnt an d'Spidol.

Kuerz no 15.30 Auer gouf zu Schieren op der Haaptstrooss eng Persoun ugestouss, déi mat der Ambulanz huet mussen an d'Klinik bruecht ginn.