Weidert Joer mat schlechten Entscheedunge vun der Regierung

© Marlène Clement / RTL
Déi Lénk hunn e Freideg de Moie virun der Press kee gutt Hoer un der Politik vun der CSV-DP-Regierung gelooss.
Logement, Aarbecht a sozial Sécherheet. Dat sinn nëmmen e puer vun de politesche Prioritéite vun déi Lénk fir dat neit politescht Joer. D'Oppositiounspartei huet op hirer Rentrées-Pressekonferenz awer och nach eng Kéier déi lescht Méint Revue passéiere gelooss. D’CSV-DP-Regierung koum dobäi net gutt ewech.
Et wier ee weidert Joer voller schlechter Entscheedungen a Kommunikatiounspannen säitens der Regierung gewiescht, esou d’Co-Spriecherin vun déi Lénk, d'Carole Thoma. Datt d’Leit kee Vertraue méi an déi schwaarz-blo Koalitioun hätten, géingen och d’Resultater vun der leschter Sonndesfro weisen. D’CSV wier de grousse Verléierer, déi Lénk, par contre, prozentual gesinn, de grousse Gewënner, mat engem Plus vun 2,3 Prozentpunkten am Verglach mat de Wale virun zwee Joer. Et hätt een och vill nei Membere bäikritt, virun allem Jonker:
"Mir gesinn dat schonn e bëssen als Confirmatioun vun eiser Aarbecht an deene leschte Méint an an deene leschte Joren, wou mir konsequent op der Säit vun de Gewerkschaften a vun deene schaffende Leit waren a wou mir virun allem och Akzenter gesat hunn."
Ob bei de Pensiounen, beim Recht op Ofdreiwung oder bei der Unerkennung vum palestinensesche Staat; déi Lénk hätte politesch Accenter gesat, déi d’Regierung zur Aktioun gezwongen hätten. Fir dat neit politesch Joer huet d’Partei hir Prioritéite schonn definéiert:
"Zum enge selbstverständlech de Logement, dee scho säit Joren am Fong dee gréisste Problem hei am Land ass, mee dat ass och déi sozial Sécherheet, mir hu gëschter nach gesinn, mam Panorama Social, dass déi sozial Inegalitéiten ëmmer weider klammen, dass d'Aarbechtskonditioune sech eigentlech verschlechteren an da wäerte mer natierlech och weider dofir kämpfen, dass eis Initiativ fir d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung ze schreiwen, dass dat och elo wierklech Realitéit gëtt."
Ee weideren Dossier, un deem déi Lénk an den nächste Méint aktiv wëlle schaffen ass d’Verdeedegung:
"Wou mir quasi déi eenzeg Partei sinn, déi sech géint déi geckeg Oprëschtungsspiral ausschwätzt."
Fir d’Carole Thoma ass kloer : Oprëschtung garantéiert kee Fridden. Et misst een nees vill méi op Diplomatie setzen amplaz Suen auszeginn, ouni ze wëssen wat d’Rëschtungsindustrie herno wierklech mat deene Sue mécht.