Op den éischte Januar hunn zu Lëtzebuerg 590.667 Leit gewunnt, dat huet de Statec e Freideg matgedeelt.

48 % vun der Populatioun hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

Zejoert huet den Zouwuess vu ronn 14.000 Leit wéi gewinnt an der Haaptsaach op der Immigratioun baséiert,  och wann dës - par Rapport zu 2015 - an der Baisse ass an zwar ëm ronn 15%.