Déck Loft beim Interkommunalen Transportsyndikat TICE
Datt d’Personal beim TICE, dem Transportsyndikat fir de Kanton Esch, net zefridden ass, ass scho méi laang gewosst.
Um Freideg koum et da virum Gebai vun der Direktioun zu engem Protest-Piquet, deen d’Gewerkschaft vum Gemenge-Personal, d’FGFC, organiséiert huet. Eng 80 Mataarbechter vum TICE sinn zesummekomm an d’Lëscht vun de Mëssstänn, op déi haut opmierksam gemaach gouf, ass laang.
Mat engem Protest-Piquet, also kengem Streik, wollt d'Personal een Zeeche géint dat, wéi si soen, ëmmer méi schlecht Aarbechtsklima setzen. De President vun der Personaldelegatioun, den Théo Schickes, schwätzt vun enger restriktiver Politik säitens der Direktioun:
"D'Haaptreklamatioune sinn u sech, dass an deene leschte Joren eben eng restriktiv Politik hei gefouert gëtt, dass och d' Rechter virun allem vum Personal mat Féiss getrëppelt gëtt a mir hätte gären, dass éischtens dat emol ophält an eben an Zukunft elo mat eis en Dialog gesicht gëtt."
Konkret ass hei riets vun net flexibele Congéen, obligatoresche Visitte beim Kontrolldokter, dat och bei Kuerz-Zäit-Krankschreiwungen, souwéi engem Personalmangel, duerch deen d'Schichten ëmmer méi schwéier ze stemme wieren. Ee Betrib, an deem ee soss gäre geschafft hätt, ma dat wier elo net méi de Fall, esou d'Stëmme vu vill Mataarbechter op der Plaz:
"Et si vill Leit, déi onzefridde sinn. Et ass vill Onrespekt mëttlerweil vun de private Leit dobäi.’’
... Hei gi Berichter gefrot, wann een eng Kéier sech verfuer huet, anstatt dass da gesot gëtt, okay, kuck dass de rëm op deng Stréck kënns, dann ass et gutt, mee esou ginn d'Chaufferen hei einfach, et deet mer leed, ech wëll den Ausdrock elo net benotzen, mee hei gëtt een heiansdo zur Sau gemaach an dat ass, mënschlech ass dat net méi ze vertrieden’’
... Eis Konditiounen hu sech verschlechtert. Mir kréien ëmmer méi Drock gemaach säitens vun der Direktioun. Mir musse méi leeschten. Mir kréien ëmmer manner Opfaangszäiten.’’
D’Mataarbechter hätten Angscht a géife net mam néidege Respekt behandelt ginn, esou wéi dat soss emol de Fall war. Et bräicht nees ee méi oppenen Dialog mat der Direktioun, esou eng weider Mataarbechterin vum TICE, d'Caroline Meyers, déi scho 15 Joer do schafft:
"Do hätt ech mer am Fong gewënscht, dass mer scho vill éischter matenee kommunizéiert hätten, dass Versammlunge gemaach gi wären, dass d' Leit informéiert gi wären, dass hinnen och eng gewëssen Aart a Weis vu Berouegung gi wär, dass d' Leit sech méi wuel gefillt hätten, da wären déi aner Mëssstänn och vläicht net esou schwéier ze droen."
D'Aarbechtsklima an d'Dialogbereetschaft vun der Direktioun soll sech virun allem nom Wiessel un der Spëtzt vum TICE Enn 2022 verschlechtert hunn. Dat besonnesch nodeems den Direkter Mike Schoos d'Leedung iwwerholl huet. Och vum President vum TICE-Comité, dem Keeler LSAP-Schäffe Marco Lux, hätt ee sech méi erwaart, esou den Théo Schickes:
"An der Chamber an iwwerall gëtt vum Sozialdialog geschwat, dee vermëssen ech ganz kloer hei a grad vun enger LSAP, déi jo awer och do fir dee Sozialdialog kämpft an hei um TICE ass deen awer leider momentan op alle Fall net méi do."
D'Direktioun vum TICE war op Nofro hin fir een Interview haut net disponibel.
Déi Responsabel vun der FGFC hunn och präziséiert, datt ee weider Schrëtt géif consideréieren, sollt sech an noer Zukunft keng Léisung fannen.