Regierung hätt hir traditionell Vermëttler-Roll leider opginn

Déi Gréng starten an dat neit parlamentarescht Joer a spueren net mat Kritik un der Regierung.
No 2 bal Joer Schwaarz-Blo hätten d'Tensiounen zougeholl, seet d'Cheffin vum parlamentaresche Grupp Sam Tanson.
Mat Bléck op d'Sozialronnen hätt d'Regierung hir traditionell Vermëttler-Roll leider opginn.
"Mir sinn der Meenung, dass d'Regierung zimmlech bewosst hei déi Missioun am Fong opgehalen huet, déi viregt Regierungen haten, fir als Vermëttler tëschent deene Positiounen, déi vun Natur aus ënnerschiddlech si vum Patronat a vun der Gewerkschaft, dat ass normal, dass déi net déi selwecht Positioun hunn, dass se déi am Fong opginn hunn, déi Vermëttlerroll an de Sozialdialog, wéi mer en hei zu Lëtzebuerg kannt hunn, doduerch och torpedéieren. An dat ass fir eis problematesch, well et schonn en zimmlech irreparabele Schued provozéiert huet a mer awer elo eng ganz Rëtsch ganz wichteg Sujeten um Dësch leien hunn, déi och mat de Gewerkschaften zesumme mussen diskutéiert ginn a mam Patronat, wou och am beschten e Konsens herno soll erauskommen"
D'Logementskris ass eng vun de Prioritéite fir Déi Gréng. Leider géing ee feststellen, datt d'Progrèsen, déi vun de viregte grénge Logementsministere gemaach gi wieren, elo géinge réckgängeg gemaach ginn.
Den Deputéierte Meris Sehovic
"Mir mierken, dass eng Rei vun de Fortschrëtter, déi mer ënner der viregter Regierung gemaach hunn, wou mer wierklech e Paradigmewiessel hikritt hunn a Richtung vu méi ëffentlechem bezuelbare Wunnraum, dass dee Paradigmewiessel amgaangen ass, zréckgedréit ze gi vun der CSV a vun der DP, déi éischter eng Politik vun der Privatiséierung vun der Logementspolitik bedreiwen, déi virun allem zugonschte vu groussen Investisseuren, grousse Promoteure geet, op Käschte vum Staatsbudget an op Käschte vun de vulnerabelste Mënschen, notamment zum Beispill deene Mënschen, déi mussen e Loyer bezuelen, dee vu Joer zu Joer klëmmt"
Op den nächste Budget ugeschwat, freet d'Sam Tanson sech wéi dee Spagat soll gemaach ginn. Et géinge Steierbaissen annoncéiert ginn, awer och Depensen, notamment am Beräich Defense.
Ob elo beim Avortement d'Recht oder d'Fräiheet an d'Verfassung stoe kënnt, géing net wierklech en Ënnerscheed maachen, soen déi Gréng.
Notamment de franséische Staatsrot wier zu där Conclusioun komm, nodeems eng änlech Diskussioun a Frankräich gefouert gouf. Déi Gréng kënnen op alle Fall mat béide Versioune liewen, seet d'Sam Tanson.