"Demenz sollt een all Dag zum Thema maachen an net nëmmen um Weltalzheimerdag"

Op der Clairefonatinesplaz an der Stad ass um Samschdeg déi 24. Editioun vum Memory Walk.
Et ass dëst eng Geleeënheet fir am Virfeld vum Weltalzheimerdag e Sonndeg, seng Solidaritéit mat Demenzkranken an hire Famillen ze weisen.
Et ginn 3 Tier mat engem Guide gemaach an d'Organisateuren hu sech e flotte Parcours iwwerluecht.
Fir d'éischt geet et op d'Place Guillaume, wou ee gewuer gëtt firwat déi Knuedler genannt gëtt, da geet et viru laanscht de Palais an d'Chamber, wou een Explikatiounen iwwert déi zwee Gebaier kritt an um Enn kann een de Panorama Lift huelen fir op d'Corniche, ier et dann erëm zeréck op d'Clairefontainesplaz geet. De Memory Walk ass awer nach méi. E soll d'Gesellschaft och sensibiliséieren.
Zu Lëtzebuerg ginn et offiziellen Zuelen no eng 9.000 Leit, déi eng Form vun Demenz hunn. Déi heefegst ass Alzheimer, mä et ginn eng 50 verschidde Formen, déi all verschidden Auswierkungen a Symptomer hunn. Gemeinsam hu se, datt d'Nervenzellen am Gehier ofstierwen. Den Dag vum Memory Walk an der Stad ass dofir och eng gutt Geleeënheet fir sech iwwert z'informéieren.
D'Lydie Diederich, d'Generaldirectrice vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun, kuerz ala.
"Op der Plaz selwer sinn eng ganz Rei Spezialisten, déi iwwert d'Krankheet opklären, sensibiliséieren, wou een Informatioune ka kréien, wou ee sech an engem ongezwongene Kader bëssen iwwert d'Krankheet kann austauschen, Informatioune kréien. Op der Plaz selwer ass och den Info-Center Demenz, dee jo och e Partner an der Informatioun/Sensibilisatioun vun eis ass an de PDP, de Preventiounsprogramm Demenz vum Gesondheetsministère ass och do."
Demenz léisst sech, op d'mannst den Ament, net heelen, mä et gëtt awer eng Rei Medikamenter, déi d'Krankheet bremse kënnen, jee nodeem wéi eng Form datt een huet. Dofir ass et wichteg, datt ee sou fréi wéi méiglech bei den Dokter geet an eventuell Symptomer net einfach ignoréiert. Och wann een Demenz éischter am Alter kritt, ginn et Patienten, déi méi fréi krank ginn.
Déi jéngste Persoun am Wunn- a Fleegeheem vun der ala zu Ierpeldeng huet grad emol 45 Joer. Den operationellen Direkter vun der Associatioun den Denis Mancini bedauert, datt Demenz an der Gesellschaft haut nach ëmmer bëssen en Tabu ass. Politesch hätt een awer vill Ënnerstëtzung.
"Mir haten och en Demenzplang, deen ass leider net verlängert ginn, mä et ass nach am Gespréich fir deen eventuell nei opzerullen an erëm bëssen eppes an déi Richtung ze maachen, fir dass dat méi present gëtt, och an eiser Gesellschaft. Ech denken dat ass wichteg. Dat si Mënschen, déi kann een duerchaus nach am Alldag mathuelen, déi muss een net verstoppen."
Dat ass e Message, deen der Ala um Häerz läit an dee se an deenen nächste Joren nach méi dacks dierft widderhuelen. D'Zuel vun Demenzkranken geet nämlech an d'Luucht an et gëtt domadder gerechent, datt se sech an den nächste 25 Joer weltwäit verdräifacht.
D'ala ënnersträicht, datt ee virun enger grousser Erausfuerderung steet, net zur Lescht well d'Zuel vun den Dokteren zeréck geet.
Wien intresséiert ass sech um Samschdeg iwwert Demenz z'informéieren, gëtt d'Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun Rendez-vous tëschent 11 a 17 Auer an der Stad op der Clairefontainesplaz. Ee vun15.30 Auer.
Am Journal op der Tëlee gesitt der e Samschdeg den Owend en Temoignage vum Partner vun enger Betraffener.