Nei visuell Identitéit, nei Ära, aner Approche fir Innovatioun
Iwwer de Summer konnt de Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES de Kaf vu sengem fréieren amerikanesche Konkurrent Intelsat finaliséieren.
Domat entsteet en neit Schwéiergewiicht, wat d'Geschäft mat Kommunikatiounssatellitte weltwäit ubelaangt. En Donneschdeg Owend gouf hei zu Lëtzebuerg am Mudam déi nei visuell Identitéit virgestallt. Hannert där sech méi wéi just en neie Logo verstoppt, sou de CEO Adel Al-Saleh am RTL Interview.
Ufank vun enger neier Ära:
''D’Fusioun vun deenen zwou Firmen ass net just en Zesummeféiere vun SES an Intelsat. Mir probéieren eng nei Firma ze schafen – eng Firma, déi weider wäert wuessen. Eng Firma mat enger anerer Approche, wat d'Innovatioun ubelaangt. Eng Firma, déi eng nei Ära alaut, wat d'Servicer ubelaangt.‘’
Houfreg sinn, op dat wat geleescht gouf.
''Wann een d’Zäit zeréckdréit bis an d'Zäit vum Ufank, vun der SES – deemools enger neier Start-up - eng kleng Firma mat der Iddi, mat engem Satellit fir weltwäit Fernseesendungen, an een d’Zäit virun dréit bis haut, wou d'SES déi gréisste Flott u Geo-Satellitten huet, déi gréisste Flott u MEO-Satellitten, mat där gréisster Buedem-Infrastruktur fir Servicer, aktiv an e puer Industrien – da gesäit een eng aussergewéinlech Entwécklung. D’Leit zu Lëtzebuerg solle ganz houfreg sinn.‘’
Manner Televisioun, méi zouverlässeg, sécher Servicer fir Regierungen, Institutioune wéi d'EU, an am Beräich Verdeedegung.
''Mir hunn eng wichteg Testphas ofgeschloss – déi huet fënnef bis sechs Méint gedauert – wou mir um Charles de Gaulle installéiert waren, dee vum Mëttelmier bis an de Pazifik gefuer ass an zeréck. Dobäi hu mir Servicer geliwwert, déi eenzegaarteg sinn: eng onënnerbrach Breedbandverbindung. Mir sinn dofir ganz houfreg. Grad sou houfreg si mir op d’Aarbecht, déi mir zesumme mam Lëtzebuerger Staat maachen. An all déi aner Aktivitéiten, mat anere Regierungen op der ganzer Welt.''
Isis-Square als europäesche Pendant zu Starlink.
''Et geet drëms, Souveränitéit fir Europa am Weltraum ze schafen. Mir si ganz houfreg, datt mir de Konsortium leeden, deen de System entwéckelt – an hoffentlech och un d’Europäesch Unioun liwwere wäert. Dat ass wichteg op ville Niveauen: politesch, aus Souveränitéits-Siicht mee och fir nei Technologien z'entwéckelen.''
Bekenntnis zum Standuert Lëtzebuerg.
''Betzder ass eist Doheem, oder? Dat ass eisen Zentrum. Dat ass eisen Haaptsëtz. Fir dës weltwäit Firma, déi eng ganz grouss Satellitteflott huet a vill Mataarbechter op der ganzer Welt, ass dat hei den Haaptsëtz. Dat ass den Haaptbüro vun der Firma. An dat wäert och esou bleiwen. Mir hunn aussergewéinlech Kompetenzen an Talenter an dësem Land an op dësem Campus: Ingenieuren, Techniker, Entwéckler, Marketing-Leit, Verkeefer. Et soll een sech keng Suergen ëm Betzder als Standuert maachen.‘’
Den Ament schaffen eng 600 Leit fir d'SES zu Betzder. Weltwäit kennt een no der Fusioun mat Intelsat, déi nach um Terrain ëmgesat muss ginn, op ronn 4.000 Mataarbechter.