E Freideg koum et zu zwee Stroossenaccidenter, bei deene jeeweils eng Persoun verwonnt gouf. Donieft hat et zu Péiteng an engem Appartement gebrannt.

Kuerz viru Mëtteg hate sech zu Zéisseng an der Zone Industrielle Grasbesch en Auto an e Moto ze pake kritt. De Motocyclist gouf dobäi verwonnt a gouf an d'Spidol bruecht.

Kuerz no 16 Auer war et um Belval an der Avenue du Rock n' Roll en Accident, bei deem ee Gefier am Coup war. Bei deem Tëschefall gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 16.30 Auer hat et zu Péiteng an der Rue de la Piscine an engem Appartement gebrannt. D'Pompjeeë vun Esch, Käerjeng, Péiteng a vum Sadiff hu sech ëm de Brand gekëmmert.