E Freideg am Nomëtteg koum et zu Useldeng zu enger Brochlandung vun engem Seegelfliger. Dat schreift d'Police an hirem Bulletin.

Éischten Erkenntnisser no huet de Pilot kuerz no 16 Auer aus bis ewell ongekläerte Grënn, d'Kontroll iwwert de Fliger verluer an huet mussen eng Brochlandung an der Géigend vun der Fluchpist zu Useldeng hileeën. Souwuel de Pilot wéi och de Passagéier konnte sech duerno vun eleng aus dem Fliger befreien, si koume fir eng Kontroll an d'Spidol.