An den nächste Jore sollen 10.000 Plazen an de Maison-relaise bäikommen
E Samschdeg waren de Gilles Dhamen, d'Carla Carvalho an den Emile Eicher eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Betreiungsplazen an de Maison-relaise sinn an de leschte Joren explodéiert, ma och dëst Schouljoer krut nach laang net all Kand eng Plaz, dat eng gebraucht hätt. D’Kapazitéite vun de Maison-relaisen mussen dofir erhéicht, gläichzäiteg awer och dat néidegt qualifizéiert Personal ausgebilt an agestallt ginn. Do ware sech déi dräi Invitéen e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich eens. Diskutéiert haten de Gilles Dhamen vum Educatiounsministere, d'Carla Carvalho fir déi national Eltere Vertriedung a Responsabel fir eng Maison relais zu Monnerech an de President vum Gemengesyndikat Syvicol an CSV-Politiker Emile Eicher.
Net Genuch Plazen fir all d’Schoulkanner
De Gilles Dhamen huet präziséiert, datt weider verstäerkt an d'Kapazitéiten an an d’Erzéierausbildung investéiert gëtt, fir méi Plazen ubidden ze kënnen. Gläichzäiteg sollen déi qualitativ Standarde vun de Maison-relaisen erhale bleiwen. Et géif ee scho lanag net méi just vun enger Garderie schwätzen, mee d’Maison-relaise wieren ee feste Bestanddeel vum Schoulalldag, wou d'Kanner d'Méiglechkeeten hätten, hir Fräizäit och sënnvoll ze notzen.
De Ministère hätt 41 Projeten approuvéiert, duerch déi eng 10.000 Plazen a Maison-relaise sollen dobäikommen. Ee geneeën Zäitraum wollt eis de Gilles Dhamen allerdéngs net verroden.
Den Emile Eicher vum Syvicol huet déi grouss infrastrukturell Erausfuerderungen ënnerstrach: D‘Bevëlkerung wiisst an et bräicht dowéinst méi Platz. D‘Gemenge stéingen also hei ënner Drock, fir hier Infrastrukturen dësem Wuesstem unzepassen. Den Emile Eicher begréisst, datt d Ënnerstëtzunge vum Ministère pro Plaz eropgaange sinn, beim Bau kréichen d’Gemengen eng Subventioun vum Ministère vu 15.000 Euro pro Plaz.
Eidel Raim méi effikass notzen
Fir d’Carla Carvalho vun der Elterevertriedung bräicht et méi kreativ Léisungen fir méi Plazen ze erméiglechen, dat besonnesch an de Mëttesstonnen, an deenen de Besoin fir d‘Plazen am héchste wier. Eng Propositioun wier, eidel Raim aus de Schoulen an de Mëttesstonnen fir d’Maison-relaisen zur Verfügung ze stellen. Do wier et awer dacks schwiereg, déi néideg Agrémenten ze kréien, wéi den Emile Eicher ze bedenke gëtt. Fir de Gilles Dhamen kéint net all eidele Raum fir d’Maison-relaisen a Fro kommen. Ee Klassesall hätt e pedagogeschen an didaktesche Wäert, do wier et schwiereg, d’Iessen unzebidden. An den eenzele Fäll kënnen Gemenge, Schoulen an a Maison-relaisen zesummen no Léisunge sichen.
Wéi eng Kanner solle bei de fräie Plazen prioriséiert ginn?
D’Maison-relaisen sinn zanter 2022 an de Schoulstonne gratis, dowéinst wier et awer net zu engem disproportionell méi héijem Undrang an de Betreiungsstrukture komm, esou de Gilles Dhamen.
Well et awer nach ëmmer a ville Maison-relaisen manner Plaze wéi Schoulkanner géif ginn, gëtt an de concernéierte Gemenge jee no Fäll gekuckt, wéi eng Kanner eng Plaz kréichen, a wéi eng net. Ausschlaggebend wieren hei déi sozio-ekonomesch Situatioun vun de Kanner, hiert Ëmfeld, an och d’Fro, ob d’Eltere schaffen oder net. National Riichtlinne géifen awer dem Gilles Dhamen no manner Sënn maachen, dat well d‘Realitéit lokal wier, an d’Gemengen d’Situatioune bei hinnen am Beschte géife kennen.
Qualitéitsstandarden
An de leschte Jore wiere vill Efforten an der qualitativer Offer vun de Maison-relaise gemaach ginn, esou de Gilles Dhamen. Beispiller wieren d’Hausaufgaben-Hëllef oder och Inklusiounsprogrammer. Den Non-formale Bildungs-Kader-Plang géif hei scho wichteg Unhaltspunkte liwweren.
Austausch tëscht der Schoul an de Betreiungs-Strukture soll formaliséiert ginn
D’Aarbechtszäite vum Léierpersonal a vun den Educateure si verschidden, deemno ass et am Schoulalldag dacks schwiereg, sech ënnerteneen ze concertéieren. Do feelt et un den néidege Plattformen, fir deen Austausch ze erméiglechen, esou d’Carla Carvalho.
Effektiv misst dësen Austausch tëscht Schoulpersonal an Educateuren aus de Maison-relaisen formaliséiert a verbessert ginn, gëtt de Gilles Dhamen zou. Dofir sinn och scho verschidde Pisten an national Pläng ugeduecht, fir d’Maison-relaisen an d’Schoule méi no beieneen ze bréngen.
Och d’Eltere missten der Carla Carvalho no vill méi agebonne ginn: Elteren géifen nu mol hir Kanner am Beschte kennen an do kéint ee mat den Elteren zesummen a méi schwierege Situatiounen no méi effikasse Léisunge sichen. De Gilles Dhamen géif esou Pisten ënnerstëtzen, et wier een och a Gespréicher mat der nationaler Elterevertriedung.
Reform vun de Chèques services
Wat d‘Finanzéierung vun de Maison-relaisen ugeet, wier déi an de leschte Joren net ugepasst ginn. Dat misst awer dem Gilles Dhamen no elo geschéien, dofir sollen d’Chèques services reforméiert ginn. Och den Eltere soll doduerch méi zegutt kommen.
D’Carla Carvalho géif sech iwwer méi Sputt beim Finanzement freeën. Dem Emile Eicher no géif ee schonn zanter Jore mam Ministère iwwer eng besser Finanzéierung vum Fonctionnement vun de Maison-relaise streiden. D’Fraise ronderëm d’Iessen zum Beispill wieren an de leschte Joren fir d'Gemengen ëmmer méi d'Luucht gaangen, dat well een och méi regional a qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel wëll verschaffen. Des Reform soll elo deemnächst presentéiert ginn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.