Eeegene Berechnungen no goufen zu Lëtzebuerg 1,8 Milliarden Euro investéiert
Amazon inzenéiert sech zu Lëtzebuerg als wirtschaftleche Motor, deen eleng zejoert iwwer 700 Milliounen Euro zum PIB bäigedroen huet.
Zanter 2003 huet Amazon ee Sëtz zu Lëtzebuerg, deemools hat d‘Firma hiren éischte Büro am Gronn.
22 Joer méi spéit hu si ee Campus mat 8 Gebaier um Kierchbierg a beschäftegen iwwer 4.200 Mataarbechter. Opgefall ass d‘Firma awer och schonn duerch seng ëmstridden Aarbechtskonditiounen. D'lescht Woch huet Amazon, dee weltwäit de Butteker Konkurrenz mécht, seng Zuele fir de Site Lëtzebuerg presentéiert.
Zejoert huet Amazon, eegene Berechnungen no, 1,8 Milliarden Euro a Lëtzebuerg investéiert. Dës Zomm ëmfaasst Infrastruktur an d’Paie vun de Mataarbechter.
Dem externe Consultant Keystone Strategy no hunn d’Investitiounen eleng zejoert mat méi wéi 700 Milliounen Euro zum PIB bäigedroen. Zousätzlech sollen iwwer 4.000 Aarbechtsplazen an de Beräicher Bau, Logistik a Service entstane sinn. Domat zielt Amazon zu de gréisste Patron‘en am Land. Mariangela Marseglia, Vizepresidentin vun den europäesche Butteker:
„Mir hunn iwwer 150 kleng a mëttelgrouss Betriber aus Lëtzebuerg, déi dank Amazon uechter d‘Welt verkafen. An dës Betriber, déi meescht vun hinnen, also iwwer 90%, exportéieren a méi wéi 80 verschidde Länner op der Welt a konnten eleng 2024 iwwer 40 Milliounen Euro un Exporter erwirtschaften.“
Grand-Duché keen zoufällege Choix fir Haaptsëtz
Et ass och ee mat strategeschen a steierleche Grënn. Als ee vun de gréisste Patronen am Land géing een och eng gutt a virun allem laangfristeg Bezéiung zu der Regierung fleegen, esou den Italo di Lorenzo, Responsabel fir déi ëffentlech Politik vun Amazon Lëtzebuerg.
Duerch eng Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg sicht den Online-Gigant och den direkten Echange mat Jonken hei am Land. Fir Leit aus dem Ausland unzezéien, trotz ugespaantem Wunnengsmaart, bitt d’Firma speziell Bäihëllefen un. "Esou wéi zum Beispill temporär Wunnengen an e klenge Budget fir hinnen am Ufank bei der Wunnengssich ënnert d’Äerm ze gräifen", erkläert d'Mariangela Marseglia, si ass Vizepresidentin fir d'EU-Geschäfter.
Duerch esou Aiden wëll ee Lëtzebuerg als Standuert weider attraktiv halen. Ronn 90 Prozent vum Personal géingen dann och hei am Land wunnen.
Kënschtlech Intelligenz ass a ville Betriber eng wichteg Technologie ginn, déi Prozesser automatiséiert an och awer Aarbechtsplaze reduzéiert. Fir den Italo di Lorenzo ass KI ee ganz wichtege Sujet.
"Et wäert och nei Aarbechtsplaze schafe mat Leit, déi d‘KI musse bedreiwen. Et wäert den Alldag vun eis an onse Kolleege veränneren, et huet souwuel Vir- wéi och Nodeeler, mir mussen dat awer mat engem positiven A kucken."
Sozialen Engagement
D’Firma Amazon huet nieft sengem wirtschaftlechen Impakt och säi soziaalt Engagement betount. D’Firma ënnerstëtzt d’Rout Kräiz, Digital Inclusioun an d‘Stëmm vun der Strooss. Eegenen Donnéeën no wieren iwwer 330.000 Euro fir Hëllefsmoossnamen an der Ukrain gespent ginn. Dernieft gëtt mat der Uni Lëtzebuerg am Beräich Cloud a Kënschtlech Intelligenz zesummegeschafft.
Wat een awer net vergiessen dierf, ass, datt Amazon och reegelméisseg wéinst senger Steierpraxis an ëmstriddenen Aarbechtskonditioune kritiséiert gëtt.
2017 hat d’EU-Kommissioun festgestallt, datt Amazon zu Lëtzebuerg onrechtméisseg Steiervirdeeler vu ronn 250 Milliounen Euro kritt hätt. De Fall ass virun den Europäesche Geriichtshaff gaangen, deen 2021 dunn d’Decisioun annuléiert huet, well d’Kommissioun net genuch Preuve fir eng illegal Steierhëllef virleeë konnt.