6 Blesséierter am Laf vun e Freidegnomëtten, Helikopter bei Wäiswampech am Asaz

Vun e Freideg géint 17 Auer bis an d'Nuecht op e Samschdeg eran haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nawell vill ze dinn.
Kuerz no 17 Auer war op der Place Jean Heinisch op der Stater Gare e Motocyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Bal zäitgläich gouf et en Accident op der A1 a Richtung Tréier, wou dräi Autoen am Coup waren. Och hei zielt de Bulletin vum CGDIS ee Blesséierten. A béide Fäll waren d'Stater CGDIS-Ekippen am Asaz.
Fir 18.41 Auer war um CR363 bei Wäiswampech a Richtung Belsch e Motocyclist gemellt ginn, deen eng Chute hat. Och hie war dobäi blesséiert ginn. Am Asaz war nieft de Rettungsekippe vu Klierf a Wäiswampech och de Rettungshelikopter.
Géint 19.30 koum et op der A13 a Richtung Schengen zu engem Accident, bei deem e Camion an d'Leitplank gerannt ass. Am Asaz waren hei d'Secouriste vu Beetebuerg a Munneref, ma et gouf hei awer kee blesséiert an de Camion konnt weiderfueren.
Kuerz virun 20 Auer gouf et e Blesséierten um CR339 bei Urspelt a Richtung Klierf, hei war eng Persoun op enger E-Trottinette vun engem Auto ugestouss ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsleit vun Housen, Ettelbréck a Klierf.
E weidere Blesséierte Motocyclist gouf et da kuerz virun 21 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Réimech, ëm dee sech déi lokal Secouriste gekëmmert hunn.
An der Nuecht op e Samschdeg, méi prezis um 2.49 Auer, ass dann zu Diddeleng an der Rue de la Libération e Chauffer blesséiert ginn, dee mat sengem Auto an eng Mauer gerannt war. D'Diddelenger Rettungsekippe waren op der Plaz.
E weideren Accident gouf et iwwerdeems och e Samschdeg de Moien op der A7 am Tunnel Grouft a Richtung Norden. Hei war en Automobilist engem aneren hannen eragerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Secouristen aus der Stad, vun Nidderaanwen a Jonglënster.