Gewonnen huet de Lëtzebuerger Museker a Komponist Georges Sadeler
E Freideg den Owend war e grousse musikalesche Rendez-vous am Centre multifonctionnel CELO zu Hesper.
A Presenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel huet d'Militärmusek ënner der Direktioun vum Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun e Freideg den Owend déi siwen ausgewielt Märsch virgestallt, déi beim Kompositiounsconcours vun de "Frënn vun der Militärmusek" zeréckbehale goufen.
De Public an och e Jury kruten d'Méiglechkeet, fir hire Favorit ënnert deene 7 Kompositiounen ze wielen, déi dann och um Freideg den Owend gespillt goufen. Eréischt nodeems de Vott eriwwer war, gouf bekannt gemaach, wéi ee Stéck vu wiem komponéiert gouf.

Um Enn war et d'Nummer 4, déi déi meeschte Stëmme kritt huet. An dee Marsch gouf vum Lëtzebuerger Museker a Komponist Georges Sadeler komponéiert, dee selwer och an der Militärmusek matspillt.
Déi ganz Soirée vum Kompositiounsconcours, produzéiert vun ApartTV, kënnt Dir vun e Samschdeg de Moien un am Replay hei op RTL.lu nach emol kucken, grad ewéi d'Fotoen.